"Liewen" vum Nicool & Luca Sales
© Lugdivine Unfer
Texter aus dem Liewen, iwwer Emotiounen, déi méi an déi manner schéin, gekoppelt mat doucen Téin vu Piano an Cello. Esou kann een den neie Projet vun den zwee Lëtzebuerger Museker Nicool a Luca Sales beschreiwen.
D'Nicole Bausch, alias Nicool ass deene meeschte bekannt aus der Welt vum Lëtzebuerger Rap an Hip-Hop. Virun zwee Joer huet d'Musekerin Loscht kritt, de Filter vum Humor, deen d'Musekerin an hiren Texter bis dato benotzt huet, eemol falen ze loossen an och de méi schwéiere Gefiller Plaz ze ginn. De Luca Sales, mat deem d'Nicool am Lycée war, ass direkt mat op de Projet opgesprongen an huet d'Musek op d'Texter vum Nicool geschriwwen. D'Resultat dovunner léisst sech méi wéi weisen an entstane sinn 8 Lidder, déi Text, Piano, Cello (Béatriz Jiménez) a Sopran (Stephany Ortega) kombinéieren.
Déi éischt Single "Ech wëll" verdäitlecht, a wéi wäit de ganzen Album eng Kombinatioun ass vu méi luesen, méi poséierten a méi seriöen Téin wéi déi, déi ee vum Nicool gewinnt ass, gekoppelt mat ëmmer erëm Textzeilen, déi een zum Schmunzele bréngen an eng positiv Nott mat sech bréngen.
Kollaboratioune maachen de Projet eenzegaarteg
De Projet, deen am Duo entstanen an d'Resultat vun enger Residenz am Neimënster ass, huet awer nach eng helle Wull un anere Kollaboratioune mat sech bruecht. De Videoclip vun "Ech wëll" zum Beispill gouf vun TUTTI FRUTTI produzéiert. E Volet, deen dem Nicool och ganz wichteg ass, well een esou géif gesinn, wéi aus enger Iddi eng aner Interpretatioun kann entstoen. Esou Kollaboratioune géifen de Projet komplettéieren, mee och op en aneren Niveau bréngen.
Eng weider Kollaboratioun ass déi mam Artist Henri Schoetter. D'Nicool an de Luca Sales hunn nämlech decidéiert, fir hiren Album net op CD oder Vinyl, mee als Buch erauszebréngen. Domat gëtt de literareschen Deel vum Projet ënnerstëtzt. Et huet een d'Méiglechkeet, d'Texter vum Nicole Bausch a Rou nozeliesen, ma an engems huet ee mam Buch och Zougang zu den Audioen. Nieft den Texter, déi och op Englesch iwwersat goufen, an den Illustratioune vum Henri Schoetter, bitt d'Buch och d'Méiglechkeet seng eege Gedanken nidderzeschreiwen.
© Lugdivine Unfer
Nächst Live-Optrëtter
Fir déi Leit, déi den éischten Optrëtt vum Nicool a Luca Sales Enn September am Neimënster verpasst hunn, bidde sech an den nächste Méint nach zwee weider Datumer. Den 31. Oktober am Stued Theater zu Gréiwemaacher an de 7. Februar nächst Joer zu Wolz am Prabbeli.
Béid Museker hunn awer och am RTL-Interview betount, datt et net dobäi soll bleiwen a schléissen och en zweeten Album an Zukunft net aus.