E Freideg war um Kierchbierg déi éischt Ronn vun den Auditiounen, fir sech fir de Luxembourg Song Contest ze qualifizéieren. 25 KandidatInnne si performe komm.

Ëm d'Mëttegstonn hu sech déi éischt Stëmmen an der RTL City waarm gesongen, do wou wuel vill geschwat gëtt an och Musek leeft. Esou vill Live-Musek um Stéck héiert een an de Couloiren awer ni.

D'LSC-Auditioune sinn ugelaf an d'Stëmmung bei de Musekerinnen a Museker war eng Mëschung aus Opreegung, Freed a puerem Adrenalin.

Den Hugo One kënnt mat engem grousse Laachen aus dem Sall eraus: "Ech hat dräi Lieder, et war vill Aarbecht, mee ech mengen ech hu gutt gesongen, elo musse mer einfach waarden."

Interview mam Hugo One
Eischten Dag vun den Auditions

E puer Meter méi wäit hëlt de Leonardo Domingues déif Loft. Fir hien ass et déi éischt Kéier, mee d'Erfarung war ganz positiv: "D'Auditioune waren zimmlech opreegend, mee d'Leit dobanne si sou léif! Et gouf kee Moment, wou ech mech net gutt gefillt hunn. Ech sinn einfach op déi Bün gaang an hu mer gesot: lo geet et lass, ech maache mäi Bescht."

Interview mam Leonardo Domingues
Eischten Dag vun den Auditions

Datt et hei net ëm kal Konkurrenz geet, mee ëm Musek, Passioun a Courage, gesäit een och bei der Madamm Yoko: "Et war wierklech, wéi soll ech dat erklären? Et war gutt. Et war mega gutt. D'Leit waren all esou léif. Ech hat zwee Lieder, an ech ka soen: et ass ganz gutt gaang!"

Interview mam Yoko
Eischten Dag vun den Auditions

An dann ass do nach d'Michèle Peschon, déi hire Moment mat engem Mix aus Respekt a Begeeschterung beschreift: "Et ass schonn e bëssen intimidéierend. Et ass net, wat een all Dag esou erlieft. Also et kënnt ee schonn un d'Zidderen."

Interview Michèle Peschon
Eischten Dag vun den Auditions

E Samschdeg ass den zweeten Dag vun den Auditions. E Sonndeg entscheet sech dann definitiv, wéi eng Sängerinnen a Sänger mat hirem Lidd am Januar op der Bün vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal stinn.