VIDEO: Serie (3)Am Waltaxi mam Roy Reding (ADR)

D'Sprooch schreift d'Partei sech grouss op de Fändel. Mä proppert Lëtzebuergesch schreiwen, kéint e selwer och net.

Am Waltaxi mam Roy Reding vun der ADR (20.09.2018)
D'Sprooch schreift d'Partei sech grouss op de Fändel. Mä proppert Lëtzebuergesch schreiwen, kéint e selwer och net.

Dat huet den ADR-Deputéierten a Spëtzekandidat fir den Zentrum, Roy Reding, en Donneschdeg an der Emissioun Waltaxi zouginn.

Waltaxi mam Roy Reding: Resumé vum Nadine Gautier



Wärend dem Dréi ass de Parlamentarier dann op een Iwwerraschungsinvité getraff, op de Serge Kollwelter, fréiere President vun der ASTI, enger Associatioun, déi Auslänner ënnerstëtzt. D'Debatt, déi aus deem Treffen resultéiert ass, war nawell animéiert.

Obschonns ee groussen Deel vum Programm vun der ADR sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch dréint, hätt et um legislative Plang keng Initiativ vun der alternativer Reformpartei ginn, fir d’Stonne vum Congé linguistique eropzesetzen, reprochéiert de Serge Kollwelter dem Roy Reding. Dee gëtt als Erklärung, datt esou eng Proposition de loi ofzeginn, e bëssen wéi de l’art pour l’art wier, well se keng Retombée huet, et keng Reaktiounen drop ginn.

Den Debat huet säin Héichpunkt erreecht, wéi den ADR-Deputéierte Reding am Gespréich gemengt huet, datt 30.000 Lëtzebuerger op déi aner Säit vun der Grenz wunne gaange sinn, well d’Liewensqualitéit hei am Land net méi garantéiert wier. 30.000 eng Zuel déi de Serge Kollwelter, esou net wollt stoe loossen. Hie geet éischter vun 3.000 Lëtzebuerger aus.
 
Ma weder deen een, nach deen aneren huet Recht.

Op den 30. Mäerz dëst Joer hunn der Fondatioun Idea no, déi op Initiativ vun der Chambre de Commerce gegrënnt gouf, an dem Liser an dem Statec no offiziell 8.620 Persoune mat Lëtzebuerger Nationalitéit iwwert d’Lëtzebuerger Grenzen ewech an Däitschland, der Belsch oder a Frankräich gewunnt. Do handelt et sech ëm Salariéen, net ëm d’Kanner, déi matgeplënnert sinn.

Allerdéngs ass d’Statistik nach méi ze nuancéieren. Well och Leit drënner sinn, zum Beispill Fransousen, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt hunn, heescht et vun Idea. Wat ee mierkt ass allerdéngs, datt d’Tendenz vu Lëtzebuerger, déi an dat not Ausland plënneren, séier klëmmt. Vum leschte Joer op dëst Joer gouf et eng Hausse vun 1.250 Lëtzebuerger.

Serie 1: Am Waltaxi mam Xavier Bettel (DP)
Serie 2: Am Waltaxi mam Marc Baum (Déi Lénk)

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.