D’Gesondheetsministerin Martine Deprez reagéiert relativ geloossen op de Projet Findel Clinic vun den Doktere Philippe Wilmes an Alain Schmit.

Allebéid fréier Memberen am Comité vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, déi behaapten, datt et u Spezialiste feelt. Dat stellt d'Martine Deprez allerdéngs a Fro.

Martine Deprez reagéiert op Projet Findel Clinic / Reportage Michèle Sinner

Offiziell au courant gesat, hätten d’Initiateure vum Projet si net, seet d’Martine Deprez. Mee: "Dat do ass en Immobilieprojet. Dat ass Location d’immobilier ou de mobilier, steet am Objet dran. Do brauch een elo net de Ministère z’informéieren, wann een esou eppes mécht."

D’Iddi fir hir Klinik, déi keng ass, wier dem Philippe Wilmes an dem Alain Schmit komm, well et net genuch Spezialisten am Land géif an d’Patienten ze laang op e Rendez-vous musse waarden. Mat hirem Modell vun der interdisziplinärer Gemeinschaftspraxis wëlle si och auslännesch Dokteren op Lëtzebuerg lackelen. D’Martine Deprez seet dozou:

"Wa mir net genuch Dokteren hunn, ass natierlech all Initiativ wëllkomm, fir méi Dokteren ze kréien. Ech weess just net, u wat se dat festmaachen, datt mer net genuch Dokteren hunn."

Et gëtt ausser iwwert d’Generalisten a Pediater bis ewell keng Statistiken doriwwer, wéi vill Dokteren am Land aktiv sinn – eppes, wat sech soll änneren. Mee ob d’Penurie also esou schro ass, wéi Wilmes a Schmit et duerstellen, kann net objektiv gekläert ginn. D’Martine Deprez seet:

"Wann Dir muer probéiert e Rendez-Vous ze kréie bei engem bestëmmten Dokter an do musst der sechs Méint waarden, heescht dat net, datt der bei all Kardiolog musst sechs Méint waarden an Dir musst do laang waren."

De Praxistest weist, datt et op der digitaler Plattform, mat där vill Cabinete verbonnen sinn, ouni Probleem méiglech ass, bannent enger Woch e Rendez-vous bei engem Kardiolog oder engem Dermatolog ze kréien. Ma gesäit d’Martine Deprez am Projet eng Konkurrenz, déi d’Dokteren aus de Spideeler géing ulackelen?

"Wann et reng Mise à disposition vu Praxen ass, gesinn ech déi Gefor manner grouss."

D’Ministerin ass méi besuergt, datt de Suivi vun de Patiente sech verbessert, déi bei d’Spezialiste baussent de Spideeler a Consultatioun ginn. Zum Beispill dann, wa se en akute Probleem hunn.

"D’Vernetzung vun deene Médecins de ville, wéi se am Frankräich soen, vun den Dokteren, déi ausserhalb vun engem Spidol, fir déi Vernetzung hinzekréie mam Spidol an do hu mer e Manktem an do musse mer aktiv ginn."

De Modell vun der Findel Clinic soll sinn, datt sech d’Dokteren do ënnertenee vernetzen. Ass d’Gefor vläicht, datt se sech da géigesäiteg Patienten iwwerweisen, fir sou Akten a Rechnung kënnen ze stellen?

"Ech weess net, wat hire Business-Modell ass. Ech weess net, wat hire Business-Plang ass, mech interesséiert de Patient. A fir de Patient brauche mer e séchere System an e séchere System ass hei zu Lëtzebuerg, datt de Patient weess, wat et e kascht, wann en iergendwou hi geet, an dat hu mer de Moment, dat heescht de Patient weess ganz genau, wat en en charge geholl kritt, wat en net en charge geholl kritt."

Wann et der AMMD no geet, soll dat awer net onbedéngt esou bleiwen.

E Freideg an der Mëttesstonn héiere mer hei op der Antenn, wéi d’Martine Deprez op der AMMD hir Fuerderunge reagéiert, zanter déi d’Konventioun mat der CNS gekënnegt huet.