E ka stënterlech kommen, ouni Virwarnung, ouni Logik scho ganz jonk, oder no laangem erfëllte Liewen: den Doud.

Den Doud ass nach ëmmer en Tabu-Thema. Dat huet d'Presidentin vun Omega 90, d'Diane Dhur, am Kloertext op der Tëlee confirméiert. Virun der Pandemie wier een e bëssen op engem bessere Wee gewiescht, mä si huet d'Gefill, datt Corona d'Leit, d'Gesellschaft erëm e bësse méi zeréckgehäit huet, an och Angscht bei de Leit ausgeléist huet.
 
D'Christiane Rassel huet d'Associatioun "Trauerwee" gegrënnt, fir anere kënnen an enger schwiereger Zäit an hirem Liewen ze hëllefen. Si selwer weess aus eegener Erfarung nëmmen all ze gutt, wéi brutal d'Liewen oder d'Enn vum Liewe ka sinn. Hir Duechter Camilla ass mat 13 Joer un enger Häerzmuskelentzündung gestuerwen. Eng Komplikatioun, déi duerch eng Gripp koum. 
 
"Also einfach fir dat e bësselchen ze beschreiwen, wéi dat, wéi dee Schmäerz, also dee Schmäerz kann een egal wéi net beschreiwen. An do ass déi Roserei, déi war nach guer net do. Do war einfach nach dee Schmäerz esou grouss, fir dat brauch een och e bësselchen eng Zäitchen, fir dat ze realiséieren. A wann ee sech déi Zäit geholl huet, fir dat ze realiséieren, do kommen dann op eemol déi aner Gefiller op, wéi ënner anerem och eng Roserei, wou ee sech da freet, firwat? Firwat ass eis dat do elo nees passéiert?"
 
D'Christiane Rassel seet "nees", well zwee Joer virum Doud vun hirem Meedchen och schonn hir Schwëster e Kand verluer hat. Nom Doud vum Camilla ass si an en déift Lach gefall, mä huet decidéiert net do dran ze bleiwen.
 
Genee wéi d'Monique Hamilius. Wéi si 14 Joer hat, huet sech hir Mamm d'Liewe geholl, dono hire Brudder an dunn och nach hire Jong. Eng Woch nodeems hire Bouf gestuerwen ass, huet d'Monique Hamilius missten eng schwéier Chimio maachen, si huet och eng ellen Erfarung wärend Covid gemaach, mä si huet festgestallt, datt d'Angscht virum Enn fort war. 
 
"Souguer am Covid, wou ech sou schlecht Loft krut hunn, wat wierklech, et war ganz eekleg, mee ech hu geduecht, bon, wann et dann eriwwer ass, dann ass déi Ploerei do eeben net méi. An da bass du beim Eric, obwuel ech och net gleewen. Ech mengen net, dass ech den Eric eng Kéier rëm gesinn, mee dat ass dann awer sou symbolesch.
Soudass ech, ech weess jo net, wann et dann nach eng Kéier no bäi kënnt, ob ech dann Angscht hunn. Wéi soll ech soen, et huet och Positives, déi Erfarungen. Ech si méi fräi ginn."
 
Och fräi fir ze decidéieren ob si wëll liewen oder stierwen, mä si huet sech fir d'Liewen decidéiert. Eng Chance, déi net jiddereen huet. 
 
D'Diane Duhr, déi haut Presidentin vu Omega 90 ass, begleet Leit, déi um Stierwe leien. Wéi hir Kanner iergendwann méi grouss gi sinn, wollt si sech benevole engagéieren. Duerch Gespréicher mat Leit, déi am stierwe leien, weess si, datt een dacks op säi Liewen zeréck kuckt, an datt een dann och Saache bedauert.
 
"Ech erënnere mech un een Här, dee gesot huet, datt e wierklech bedauert, dass en ze vill geschafft huet a sengem Liewen, an dass en sech net genuch Zäit geholl huet fir d'Famill, fir Frënn. En hätt dat e bësse senger Fra iwwerlooss. An dann erënnere ech mech awer och nach ganz staark un eng Damm, déi bedauert huet, datt se am Fong hiert Liewen net gelieft huet. Datt se als Kand gemaach huet, wéi d'Elteren dat fir si virgesinn haten, wéi d'Elteren dat wollten. An dono huet se gemaach, wéi hire Mann et wollt. A si war wierklech, kann ee soen, verbattert, och onglécklech, datt si net hiert Liewe gelieft huet."

Wann een iwwert Krankheet an Doud schwätzt, ass och d'Euthanasie en Thema

D'Monique Reiff ass Neurologin a gehéiert zu den Dokteren, déi hei am Land Stierfhëllef maachen. An der Woch war de Jean-Jacques Schonckert, de President vu "Mäi Wëlle, mäi Wee" Invité vun der Redaktioun an huet ënnert anerem gefuerdert, datt ee muss driwwer diskutéieren, datt psychesch Krankheeten och e Grond fir eng Euthanasie kënne sinn. Psychesch Krankheete sinn ustrengend, confirméiert d'Neurologin Monique Reiff a widdersprécht dem President  vu "Mäi Wëlle, mäi Wee" net.

Si seet awer dobäi, datt den Taux vun de Suiciden, a Länner wou ee mat enger psychescher Krankheet Stierfhëllef ka froen, net erof geet. Dat wär schonn eng komplex Situatioun. 

Eis Invitéeën am Kloertext waren:

Christiane Rassel
Hir Duechter ass nëmmen 13 Joer al ginn ier et no enger Gripp gestuerwen ass, huet duerno d'Associatioun Trauerwee gegrënnt fir aneren ze hëllefen

RTL

© Tom Zeimet

Monique Hamilius
Huet als Kand hir Mamm an als Erwuessen hire Brudder an dunn de Fils, all duerch Suicidë verluer an d'Fondation Jean Hamilius gegrënnt

RTL

© Tom Zeimet

Dr. Monique Reiff
Neurologin, Presidentin vum Kommitee vum CHL, gehéiert och zu deenen Dokteren, déi Euthanasie maachen

RTL

© Tom Zeimet

Diane Dhur
Begleet zanter iwwer 10 Joer Mënschen um leschte Wee, huet hir Ausbildung bei OMEGA 90 gemaach, wou si och Presidentin ass

RTL

© Tom Zeimet