Wëllschwäi maachen eng Wull a Privatgäert
Déi lescht Deeg waren eng Rei Wëllschwäin a Privatgäert ënnerwee. Dacks geséit d'Wiss oder de Gaart duerno aus, wei wann e Bulldozer derduerch gefuer wär.
D'Wëllschwäi sinn ënnerwee. Net nëmmen an de Bëscher, mee déi leschten Zäit och an de Gäert vu Privatleit. Fotoen a Videoen, déi dëst ënnermaueren, hu mir geschéckt kritt.
"Wëllschwäi sinn Allesfrësser. Déi friessen Eechelen, Wierm, Insekten, Larven. Alles wat si um Buedem fannen. Souwuel just iwwert, ewéi och ënnert dem Buedem", esou de Laurent Schley, Dokter an der Biologie a Chef vum Service Wëlldéieremanagement a Juegd bei der Naturverwaltung.
"Wann déi an hirem Revéier, an hirem Liewensraum ënnerwee sinn, kann et och sinn, dass déi emol a Privatgäert kommen, wann déi net mat engem Drot zou sinn", sou den Expert vun der Naturverwaltung.
Eng Rott Wëllschwäi besteet prinzipiell aus enge Rei Bachen (weiblech Wëllschwäin) mat hire Jonken. Déi al männlech Déiere wären éischter solitär ënnerwee. "Ofhängeg vun der Narungsoffer besteet hiert Revéier aus engem Bëschgebitt mat Wisen a Felder", sou de Laurent Schley. E weiblecht Wëllschwäi bréngt eng 90 Kilo op d'Wo. 130 Kilo Gewiicht huet e männlecht Wëllschwäin.
Zuelen iwwert de Bestand vun de Wëllschwäin hei zu Lëtzebuerg ginn et keng. "Wëll Déieren zielen, ass schwéier bis onméiglech", erkläert de Biolog. "Wat awer bekannt ass, op Grond vum Schued deen een esou feststellt ass, dass awer de Bestand vun de Wëllschwäin nach ëmmer héich ass. Ewéi iwwerall an Europa. Iwwerall ass dee Probleem do an ass ganz schwéier an de Greff ze kréien."
Wei schützen ech mäi Gaart viru Wëllschwäin?
Keng Assurance kënnt op, wann ee vu Wëllschwäi Schued a sengem Privatgaart gemaach kritt.
Méi Informatioune kritt ee bei der Naturverwaltung um Telefon: 247 – 56600.































































































