Um Samschdeg hu sech de Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser (29) a seng laangjäreg Frëndin Jill Morbach (27) op der Réimecher Gemeng bestuet.

D'Hochzäit huet de Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz gehalen.

Et gouf am ganz enke Familljekrees gefeiert.

"Mir sinn schonn zënter 12 Joer beieneen a freeën eis op eise weidere gemeinsamen Wee!", esou den Tommy Schlesser géintiwwer RTL.

Eréischt virun e puer Woche war d'Raphaëlle Dickes de Schauspiller op e Filmset am Cornwall besichen.

VIDEO: Den Tommy Schlesser um Tournage fir Rosamunde Pilcher
No senger Gaaschtroll bei Gute Zeiten schlechte Zeiten, spillt den Tommy Schlesser elo an enger Haaptroll bei Rosamunde Pilcher.

Vum 11. September u kann een den Tommy Schlesser all Dënschdegowend um 20 Auer an der Haaptroll vun der neier Sitcom „Zëmmer ze verlounen“ op RTL Télé Lëtzebuerg gesinn.

VIDEO: Nei Sitcom op RTL Télé: Zëmmer ze verlounen
No der Rentrée am September gëtt ëmmer um Dënschdegowend um 20.00 Auer eng nei Sitcom op RTL Télé diffuséiert.