Zesumme mam Solidaritéitsminister Max Hahn an der Stater Schäffe Corinne Cahen war d'groussherzoglech Koppel e Mëttwoch an der Vollekskichen.

D'Vollekskichen zu Bouneweg, déi op Initiativ vum Comité National de Défense Sociale an d'Liewe geruff gouf, bitt sozial isoléierte Leit, oder Leit mat schwaachem Akommes, Moolzechte fir en abordabele Präis. Fir de Grand-Duc Guillaume war et déi zweet Visitt an der Vollekskichen zanter 2021.