De Clovis Degrave ass Kach vum Joer
De Guide Gault & Millau Luxembourg huet e Méindeg d'Gewënner vun der Editioun 2026 bekannt ginn.
10 Präisser goufen am Parc Hotel Alvisse an der Stad verdeelt, dorënner ënner anerem de Präis vum "Kach vum Joer" an dem "jonke Kichechef".
Als "Kach vum Joer" gouf dobäi de 36 Joer ale Clovis Degrave ausgezeechent, deen zu Dummeldeng de "Grünewald Chef's Table" an d'"Hostellerie de Grünewald" leet, wéi och d'"Maison B" um Briddel, déi am November 2024 hir Dieren opgemaach huet. 2023 scho gouf de Clovis Degrave als "jonke Kichechef vum Joer" ausgezeechent.
© Raphaël Ferber / RTL Infos
Deen Titel goung fir dës Editioun un den 33 Joer alen Archibald de Prince, deen Enn 2024 de "Vieux Moulin" zu Iechternach iwwerholl an dorausser den "Archibald De Prince – Table & Chambres" gemaach huet.
134 Restaurante sinn am Gastro-Guide repertoriéiert, woubäi et och 15 nei Adresse gi wéi L'Orgue zu Lëntgen, d'Cristallerie oder de Fields um Findel, dee 17 vun 20 Punkten kritt. De Label vum Restaurant du Terroir ass fir de "Le Q dans le Beurre" zu Bouneweg, iwwerdeem d'Decouverte vum Joer de "Le Lys" am neien Hotel "Villa Pétrusse" ass.
Net méi am Guide vertruede sinn ë.a. de Leweck zu Lëpscht, Madeleine zu Marnech oder de Fevi Gaudium zu Esch.
2 Punkte manner goufen et vun de Gault & Millau-Tester fir d'Jardins d'Anaïs, wou de Chef changéiert huet. Och d'Bartrenger "Skybar", "Plëss" an "A Guddesch" zu Biereng bei Miersch verléieren allen dräi ee Punkt.
Weider Präisser gouf et beispillsweis och an der Kategorie vum beschte Bar fir "La Perle Noire" op der Place d'Armes an der Stad.
Eng Iwwersiicht vun de Gewënner 2026
- Kach vum Joer: Clovis Degrave, "Grünewald Chef's Table"
- Jonke Kichechef vum Joer: Archibald de Prince, "Archibald De Prince - Table & Chambres"
- Restaurant vum Territoire: "Le Q dans le Beurre"
- Patisserie vum Joer: "Victoria Charff, "Restaurant Louis Linster"
- Sommelier vum Joer: Rodolphe Chevalier, "Vinoteca"
- H!P of the Year: "The First Floor"
- Bar vum Joer: "La Perle Noire"
- Entdeckung vum Joer: "Le Lys"
- Hotelier vum Joer: Hugo Vaugenot, "Fields"
- Mediterrane Restaurant vum Joer: "Nostos"
Méi Detailer zum Guide Gault & Millau 2026 fannt Dir bei eise Kolleege vun RTL Infos.