De François Jagut vum Guide Gault&Millau zum Kach vum Joer gewielt
Am gastronomesche Guide Gault&Millau goufen e Méindeg am Parc Hotel Alvisse déi talentéiertst Käch zu Lëtzebuerg ausgezeechent.
De François Jagut, Chefkach vum Restaurant "Les Roses" am Casino 2000 zu Munneref gouf zum Kach vum Joer 2025 gewielt. Hien trëtt domat d'Successioun vum Louis Linster un.
De Restaurant "Les Roses" steet schonn erëm um Podium vum Guide Gault&Millau. Zwee Joer no der Auszeechnung vum Sommelier Thierry Corona, dee kuerz virun der Pensioun war, hunn d'Restaurantkritiker de François Jagut zum Kach vum Joer 2025 gewielt. Dat gouf de 14. Oktober am Laf vum Nomëtteg am Parc Hotel Alvisse zu Dummeldeng offiziell annoncéiert. Eng Auszeechnung, déi dem Guide no "seng Konstanz, seng Kreativitéit a seng Entwécklung" belount.
Den Direkter vu Gault&Millau Lëtzebuerg Laurent Fery beschreift de Chefkach vum "Les Roses", deen zanter enger Rei Joren an der Kiche vum Casino 2000 schafft, als "virwëtzegen Kach, deen observéiert a sech gären a Fro stellt " an "d'Entwécklung vu senger Kiche bis zu méi Modernitéit a Liichtegkeet" verbessert huet. De Restaurant kritt niewebäi seng drëtt Kachmutz mat enger Bewäertung vu 15,5/20, wat dës Adress "op den Niveau vu senger grousser Zäit" bréngt. "Vue de jonken Alter vum Kichechef", betount de Guide (de François Jagut ass 44 Joer al), "hu mir op nach méi Entwécklung gesat".
E weidere prestigiéise Präis, dee vum "jonke Kichechef", geet un d'Anne Knepper vum Restaurant "Public House", deen am Casino an der Stad ass. Déi 27 Joer al Anne Knepper huet de Guide duerch déi frësch Produiten "an d'Finesse vun hiren Teller ronderëm de Lokavorismus, woubäi si Séisswaasserfësch a regionaalt Wëld, naturbeloosse Wäiner an hire fantastescht Sauerdeegbrout an de Vierdergrond stellt" iwwerzeegt. De Laurent Fery betount weider, datt d'Kächin "fir Nohaltegkeet steet, andeem si hir Offäll verwäert, wat gutt zu hirer Jugend an den Erausfuerderunge vun hirer Zäit passt. Dëst sinn"zousätzlech Argumenter, déi eis iwwerzeegt hunn".
17,5 fir de Louis Linster, 15 fir d'Apdikt an de Grünewald Chef’s table
Nieft der 15,5/20 fir de Restaurant "Les Roses" konnten zéng weider Restauranten hir Bewäertung am giele Guide verbesseren, virun allem de "Léa Linster" vum Louis Linster, Chefkach vum Joer 2024, deen op 17,5 geklommen ass. Dem Clovis Degraves säi "Grünewald Chef's Table" ass op 15 geklommen a krut seng drëtt Kachmutz, grad ewéi d'"Apdikt" vum Stärekach Matthieu Van Wetteren. D'"Skybar" an der City Concorde an d'"Maison Lefèvre" zu Esch kruten eng 14 an domat déi zweet Kachmutz, wärend de Baptiste Heugens mat sengem Restaurant "Équilibrium" a Clausen eng 13,5 erreecht huet. De "Bonifas" zu Nouspelt an déi dräi Restauranten an der Haaptstad, "L'Hêtre" Beim Musée, "Le Bistro" du Sommelier an de "Radici" kruten all eng 12,5.
D'"Maison Lefèvre" an de "Grünewald Chef's Table" sinn déi eenzeg zwee Restauranten, déi sech ëm ee Punkt verbessere konnten, wärend déi aner en hallwe Punkt bäikruten.
Eng Ännerung gëtt et un der Spëtzt vun de renomméiertste Restauranten zu Lëtzebuerg: De Restaurant "Clairefontaine", dee virun 2,5 Joer säi Michelin Stär verluer hat, geet vu 16 op 15 Punkten erof. Fir de Rescht ass et de Status Quo: "Ma Langue Sourit" (18,5), "La Distillerie" (18), "Mosconi" (17), "Fani" (17) a "Ryôdô" (16).
Verschidde Restaurante sinn am Guide net méi vertrueden, ënnert hinnen de "SixSeven" an der Stad.
Doriwwer eraus hunn 13 Restauranten hire groussen Optrëtt am Guide: "Beefbar" zu Stroossen (12), "Piri Piri" um Kierchbierg (12), "Chez Doudou" zu Péiteng (12), "Beim Bertchen" zu Wuelessen (12), "Artis zu Hesper" (12,5), "Podenco" zu Bartreng (12,5), "Mu" (12,5), "Thaï House" (12,5), Le Petit Bistro (13), "Aké by Kamakura" all an der Stad (13,5), "Beim Schlass" zu Wolz (13,5), "Kore" zu Stengefort (13,5) a "Publice House" nees an der Stad (14).
De Guide Gault&Millau, deen zanter siwe Joer eng zu 100% lëtzebuergesch Versioun erausgëtt, wielt all Joer déi bescht Käch, Restauranten, Brasserien, Baren a Chocolatiere vum Land souwéi e Choix vum lëtzebuergesche Wäisommet "d'Stäre vun der Musel".
🍴 Méi liesen :
🍛 De Louis Linster gëtt "Kach vum Joer"
🦞 D'Laureate vum Gault&Millau 2023
🍣 D'Laureate vum Gault&Millau 2022
🥦 Auszeechnunge fir d'Lëtzebuerger Gastronomen
🥩 De Cyril Molard vum "Ma Langue Sourit" ass de Kach vum Joer
Entdeckt all d'Laureaten am Video: