Elo am Replay: Live!Den Eric Wagner an den Dennis Breiser

E Freideg goung et am Live ëm den Eric Wagner, dee beim Ironman op Hawai dobäi war an ëm den Dennis Breiser, dee queesch duerch Europa ënnerwee ass.

Live! Planet People (02.11.2018)
Den Triathlet Eric Wagner huet sech beim Ironman op Hawaii als 90. a beschte Lëtzebuerger klasséiert. Den Dennis Breiser fiert mam Velo duerch ganz Europa.

Fir den Triathlet Eric Wagner war de groussen Ironman zu Hawaii ëmmer wäit ewech. Eréischt wou hie sech 2016 zu Roth an den Top40 klasséiert huet, huet hie mam Gedanke gespillt, bei der Ironman-Weltmeeschterschaft unzetrieden. Zwee Joer laang huet hie sech preparéiert. Virun dräi Woche war et dunn esouwäit. Hien ass beim gréissten Triathlon vun der Welt ugetrueden. "De Mythos ronderëm ass zimlech beandrockend, de Circuit selwer ass awer zimlech langweileg, mä dofir och mental extrem ustrengend", esou den Eric Wagner. Hien ass um Enn als 90. a beschte Lëtzebuerger iwwert d’Arrivée gelaf an ass ënnert 9 Stonne bliwwen.

Den Dennis Breiser stoung e Méindeg virum RTL-Gebai. Hie géif aus Däitschland kommen a wier elo schonn zënter iwwert engem hallwe Joer queesch duerch Europa ënnerwee. Mat sengem Vëlo a sengem Chamäleon aus Stoff. Um Wee vum Nordkapp op Gibraltar wier hien zu Lëtzebuerg a wéilt e wichtege Message lassginn. Op senger Tour wëllt hien nämlech op d’Schicksal vu Kanner aus Famille mat Suchtproblemer opmierksam maachen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.