Wann hie säi Geschier unhuet, da weess hien, dass hien net am Bësch ass fir ze spadséieren, ma fir ze schaffen.

Konkreet heescht dat beim Balou, datt d’Nues aktivéiert gëtt an hien no Beem soll sichen, an deene Fliedermais wunnen. D'Zil dovunner ass et, déi Beem als Doheem fir Fliedermais ze markéieren an ze schützen. Andeems d’Beem geschützt ginn, kréie gläichzäiteg d’Flantermais eng gewësse Sécherheet garantéiert.

Als Aarteschutzhond schafft de Balou am Naturschutz; seng Meeschtesch, d’Marie Kayser, ass selbststänneg Naturschützerin a wollt sech en Hond huelen, mat deem si kéint schaffen. De Balou war vun der Rass hir fir si e gudde Choix: Den Australian Shepherd ass vun Natur aus e Schaffhond, deen eng Aarbecht brauch, fir zefridden ze sinn. Fir dat mam Naturschutz ze verbannen, huet d’Marie Kayser hien op Flantermais trainéiert, fir hire Bestand ze kontrolléieren an och ze schützen.

Trainéiert ass de Balou, den Exkrement vun de Flantermais ze fannen: soubal hien den Doft an der Nues huet, da sicht hien de Bam, an deem si sech ophalen, a wann hien ee fënnt, da bleift hie roueg stoen oder sëtzen, a kuckt erop. Et wier eng besser Method, Beem ze fannen, an deene Fliedermais sëtzen. Soss missten d’Déiere kuerz gefaange ginn, fir e Sensor ugedoen ze kréien. Mam Balou kann de Bestand an hiren Openthalt kontrolléiert ginn, ouni d’Déieren ze stéieren.

Schutz vun de Fliedermais

Fliedermais spillen eng wichteg Roll an eisem Ökosystem. Si ernäre sech haaptsächlech vun Insekten, sinn natierlech Bestëbser a souguer hiren Exkrement ass en natierlechen Dünger. Iwwerdeems sinn d’Déiere geschützt. Am léifste schlofe Fliedermais an däischteren Ecken; dacks ass dat an enger Scheier um Bauerenhaff. Well awer méi gebaut gëtt, geet de Liewensraum vun de Fliedermais lues a lues verluer, wouduerch hinne muss gehollef ginn. Ënner anerem d’Naturverwaltung, déi mat der d’Marie Kayser zesummeschafft, huet Projeten um Lafen, déi fir de Schutz vun de Flantermais geduecht sinn.

Soss si Beem en natierlecht Doheem fir d’Fliedermais. D’Marie Kayser erkläert: “Hei hu mir e Bam, dat ass e 'stehend Totholz', do sinn elo vläicht vill Leit, déi soen, dat ass eppes Geféierleches, dat gehéiert net an de Bësch. Mee grad dat do ass eppes immens Wichteges. Hei sinn zum Beispill ganz vill Insekten, déi hei eppes fannen. An hei ënnert der Rand, déi esou ofsteet, do ginn eigentlech vill Fliedermausaarten, esou Spaltenbewohner, zum Beispill d’Mopsfliedermaus, eng ganz rar Aart, déi geet do drënner sech verstoppen. An dowéinst ass et ganz wichteg, dass een esou Beem och an de Bëscher stoe léisst.

All Bam, deen de Balou uweist, gëtt vun der Marie Kayser kontrolléiert. Am Ufank hu si an engem Gebitt trainéiert, wou scho Beem als Fliedermaus-Doheem gekennzeechent waren. De But vun deem Training war, dass de Balou sech net einfach bei all Bam sëtzt an op e Leckerli hofft, mee dass hie versteet, dass hie wierklech dem Fliedermaus-Geroch soll nogoen.

Dem Balou seng Aarbecht

Ee bis zwee Mol pro Woch schafft hien. Déi eenzel Sessioune sinn zäitlech staark begrenzt an et kënnen der maximal zwou pro Dag gemaach ginn, well de Balou dann awer midd gëtt. De Balou huet och en Tracker mat enger Antenn u sengem Geschier drun. Esou kann d’Marie Kayser ganz genee kontrolléieren, wou si schonn ënnerwee waren a wou si nach hi mussen.

“Weess de Wat!?" - Fliedermeis / Emissioun vum 19.10.25
Eng Fliedermaus verstoppt sech daagsiwwer an ass Nuets aktiv. An dat de ganze Summer iwwer.
"Weess de Wat!?" - Fliedermais II / Emissioun vum 26.10.25
Wei maachen d’Fliedermais et fir esou séier duerch d’Géigend ze fléien ouni anzerennen?