Prinzessin Amalia1. Kand vum Félix&Claire gëtt e Samschdeg gedeeft

Wéi den Haff an engem Schreiwes matdeelt, ass d'Daf vum 1. Kand vum Prënz Felix a senger Fra Claire an der Kapell zu Saint-Ferréol de Lorgues (F).

D'Prinzessin Amalia, Gabriela, Maria Teresa, Duechter vum Prënz Felix a vun der Prinzessin Claire, ass um Sonndeg, 15 Juni op d'Welt komm.

E Sonndeg géint Mëtteg huet d'groussherzoglech Koppel matgedeelt, datt si houfreg Grousseltere gi sinn.

De Prënz Felix an d'Prinzessin Claire hunn um Sonndeg de Mueren hiert éischt Kand krut.

Wéi et ewell spekuléiert gi war, ass et e Meedchen, dat um Sonndeg de Mueren a Präsenz vum Papp an der Stater Maternité op d'Welt koum.

Déi kleng Prinzessin gëtt op den Numm Amalia, Gabriela, Maria Teresa gedeeft, weit 2,950 Kilo an ass 50 Zentimeter grouss.

Wéi et weider vum Haff heescht wieren d'Elteren, grad wéi d'Grousselteren iwwerglécklech.

Ofschléissend sief gesot, datt et der Mamm an der klenger Prinzessin gesondheetlech tipptopp geet an den Accouchement ouni Problemer iwwert d'Bühn gaangen ass.

Um Méindeg huet den Haff éischt Fotoe vun der jonker Prinzessin an hiren houfregen Eltere publizéiert
(© 2014 Cour grand-ducale / Collection privée / tous droits réservés).

An um Dënschdeg ëm 14 Auer gouf et e klenge Fotoshooting virun der Maternité ...

Um Dënschdeg huet de Prënz Félix d'Gebuert vun der Prinzessin Amalia, Gabriela, Maria Teresa dann och an der Stad um Etat Civil deklaréiert, dat a Präsenz vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Preposé vum Stater Etat Civil, Jules Becker.

COMMUNIQUE DE PRESSE (15.06.2014)

LE MARECHALAT DE LA COUR COMMUNIQUE :

Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse sont très heureux d’annoncer la naissance du premier enfant de Leurs Altesses Royales le Prince Félix et la Princesse Claire.

Une petite fille est née le 15 juin 2014 à la Maternité Grande-Duchesse Charlotte à Luxembourg.

La petite Princesse portera les noms d’Amalia, Gabriela, Maria Teresa.

Elle a pesé 2,950 kilogrammes et a mesuré 50 cm à la naissance.

Le Prince Félix est resté auprès de Son épouse pendant l’accouchement. La Mère et l’Enfant sont en parfaite santé.

Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse ainsi que Monsieur et Madame Lademacher et leurs familles, s’associent à la très grande joie des heureux Parents.


Palais grand-ducal, 15 juin 2014




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.