Dëst Joer war déi 7. Editioun vum Relais du Rire am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng – en Owend voller Emotiounen a Solidaritéit.

Hannert dësem Projet steet den Alex Monteiro, Psycholog a Komiker, deen zënter 2018 mat vill Häerz a Leidenschaft dëse Comedie-Owend organiséiert. Wéi dem Alex seng Mamm selwer vum Kriibs betraff war, huet hien decidéiert säin Talent – a dat vu senge Frënn – zu Gonschte vun der Fondation Cancer anzesetzen. Seng Iddi: laache fir de gudden Zweck.

Fir dës 7. Editioun hat den Alex eng top Ekipp zesummegestallt: Daniel Moutinho, Jay, Sardine, Julien Strelzyk an den Improvisatiounstrupp Les Ons hunn zesumme mat him de Publikum verzaubert an en onvergiesslechen Owend geschenkt.
Wéi och déi läscht Joren, hu sämtlech Kënschtler op hir Gage verzicht, an esou konnt eng generéis Zomm vu 5.100 € un d’Fondation Cancer gespent ginn.

D’Präsidentin vun der Fondation Cancer, Dr. Carole Bauer, huet dem Alex Monteiro an alle Kënschtler e grousse Merci gesot fir hiert Engagement an hir Ënnerstëtzung. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.