Dës Woch geet et ëm humanitär Hëllef a Musek.

Den Dokter Jean-Claude Leners engagéiert sech scho 35 Joer bei den "German Doctors" a fiert all 2 Joer fir 6 Wochen op d'Philippinnen. Bei den "German Doctors" handelt et sech ëm eng Hëllefsorganisatioun vu Bonn, déi Dokteren op medezinesch ënnerversuergte Plaze schéckt. Ënner anerem engagéiere si sech am Kenia, Uganda, Indien, Bangladesch, Sierra Leone an op de Philippinnen.

Seng bis elo lescht Missioun huet hien op Mindoro, déi siwentgréisst Insel vun de Philippinnen gefouert, wou hie mat lokalem Gesondheetspersonal a sougenannte "Rolling Clinics" ënnerwee war.

Den Andreas "Andi" Frei aus der Schwäiz kënnt de 14. November mat der Band "Fäaschtbänkler" op Ettelbréck. Et gëtt kee Museksgenre, dee si net drop hunn a si wëssen op alle Fall hire Public z'ameséieren. Dat beweisen déi zwou Milliounen Nolauschterer, déi si Mount fir Mount op Spotify hunn. Awer och déi 4x Gold bei den Albumen, 13x Gold bei de Singlen + 4x Platinn bei de Singlë soe genuch iwwer hir Beléiftheet aus. Déi 5 Schwäizer Jonge kommen aus enger Géigend, wou Kouklacken den Alldag dominéieren a verspriechen e Freedefeier aus Pop, Blosmusek, Elektro an Techno.

Aktuell lafen d'Castingen an der RTL City fir den nächsten LSC wou sech de 24. Januar 2026 zu Esch an der Rockhal entscheet, wie Lëtzebuerg dëst Joer beim ESC zu Wien vertrëtt. Wärend 3 Deeg gi sech 58 Kandidaten d'Klensch an de Grapp respektiv defiléiere virun engem internationale Fachjury an den 30. Oktober gëtt ee moies op RTL gewuer, wien et an de Krees vun de Finaliste gepackt huet, déi am Januar op der grousser Bün sech dem Vott stellen. Méi Detailer op eurovision.rtl.lu.

RTL

De Sänger a Pianist Andreas Houscheid versprécht den 30. Oktober en onvergiesslechen Owend am Cube 521. De Liddermécher aus der Ostbelsch huet bei enger Studiosession zu Köln de Rhani Krija kennegeléiert a béid hunn zesummen eng kleng Rees mat Concerte gemaach. Den Andy, dee vu Klengem u Piano gespillt huet fir d'Leit z'ënnerhalen, huet och scho mam Konstantin Wecker zesummegeschafft, dee sengersäits den 12. November fir e Concert an den Trifolion op Iechternach kënnt. Dee Concert ass awer scho "sold out".