De Grand-Duc Henri kritt haut 60 Joer
Dëse wäert de Lëtzebuerger Staatschef zu Colmar-Bierg am Krees vun der Famill feieren.
De Grand-Duc Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d'Welt komm.
Dëst Joer ass et awer net nëmmen ee ronne Gebuertsdag fir de Grand-Duc: Am Oktober ginn et 15 Joer, datt hien un der Spëtzt vum Land steet.
Säi kompletten Titel ass "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

© Cour grand-ducale / Christian Aschman / tous droits réservés
Ma haut gëtt zu Colmar awer och een zweete Gebuertsdag gefeiert, dee vum jéngste Fils vum Grand-Duc, de Prënz Sebastien. De Prënz kritt 23 Joer.