Véier nei Dames d'honneur a Chambellane ginn um Haff agestallt

© Maison du Grand-Duc
2 Deeg virum Trounwiessel presentéiert d'Maison du Grand-Duc mat 4 Persounen déi nei Suitte vum zukünftege Grand-Duc Guillaume a senger Fra Stéphanie.
Nei Chambellanen ginn den Ex-Aide de Camp Henri Chrisnach, den Antoine Clasen, deen d'Successioun vun där Charge vu sengem Papp iwwerhëlt an de Raoul Schaaf, President vum Comité National de Défense Sociale. Nei Dame d'Honneur gëtt iwwerdeem d'Stéphanie Damgé, déi bei der Chambre de Commerce schafft.
Domat gëtt keng a kee vun de fréieren Dames d’honneur an de Chambellanen iwwerholl, déi déi Roll bei der aktueller groussherzoglecher Koppel haten.

D'Roll vun der Suite ass benevole a representativ, a besteet ënnert anerem doran, de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse bei offiziellen Aktivitéiten a Receptiounen ze begleeden oder och de Grand-Duc op verschidden Evenementer ze vertrieden. Donieft kënne si vun der groussherzoglecher Koppel zu hirem Wëssen an hiren Erfarunge consultéiert ginn.
Weider Nominatioune wäerten an den nächste Méint nokommen. Hei dat komplett Schreiwes vum Haff!