De fréiere Schoulmeeschter Fernand Müller erënnert sech un de jonke Guillaume
Als déngschteelste Schoulmeeschter hat de Fernand Müller de Choix: Eng Klass mam Prënz Guillaume oder ouni?
Et war eng Decisioun, déi de Fernand Müller a senger Karriär als Schoulmeeschter net anescht hätt kéinten huelen. Haut wier hien immens frou an och houfreg, dass de Prënz Guillaume deemools am 5. an am 6. Schouljoer bei him an der Klass gewiescht wier. 6 Joer ass den eelste Fils vum Grand-Duc Henri zu Luerenzweiler an d‘Primärschoul gaangen an et gouf eng Devis vum Haff: de Prënz esou ze behandelen, wéi all anert Kand och.
Am Fernand Müller sengen Aen huet dat och super geklappt an hie war souguer heiansdo iwwerrascht, wéi normal alles ofgelaf wier. Souguer op den Ausfluch hätt de jonke Schüler ouni gréisser Sécherheetsmoossname kéinte matgoen an esou ee vu ville Schüler sinn. Och an der Klass wier hie beléift gewiescht an hätt vill Kolleege gehat. An als Schüler wier hie besonnesch erausgestach a sengem Talent fir d‘Sproochen.