De groussen Dag kënnt ëmmer méi no, den Dag vum Trounwiessel.

Dëse gëtt jo begleet vun enger Serie Concerten, Performancen an Optrëtter. Och eng Droneshow wäert et ginn. Amplaz vum übleche Freedefeier wäerten an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg 350 Dronen den Himmel fir ongeféier aacht Minutte beliichten.

D'Show gouf speziell fir dësen historesche Moment vum Kënschtlerduo Stéphanie Rollin an David Brognon kreéiert, déi sech ënnert anerem vu kinnekleche Symboler inspiréiere gelooss hunn, fir dëst eenzegaartegt Evenement an der Loft ze gestalten.

RTL war zu Sint-Truiden an der Belsch, fir d'Kënschtler an d'"Dutch-Drone-Show-Team" ze treffen, déi en Abléck an d'Droneshow ginn hunn.