Bannent de leschte 5 Joer huet d'Waasserwirtschaftsamt 441 Fäll festgehalen, wou d'Waasser verknascht gouf.
Déi rezentst Pollutioun gouf de lëscht Méindeg bei Iechternach vu Fëscher gemellt. D'lescht Joer konnt gutt d'Hallschent vun de Responsabele vu sou Tëschefäll identifizéiert ginn, sou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert op eng Parlamentaresch Fro.
Schéin a gutt. Ma wat geschitt duerno? De Jos Scheuer, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Sportfëscher werft dës Fro op.
"Déi Kloe misste weider geleet ginn un de Parquet. A wat kënnt duerno, do héiert een näischt méi dovun. Dat fanne mir net gutt, fir net ze soe Katastrophal an engem Rechtsstaat wéi Lëtzebuerg. Deen dann och ëmmer den Ëmweltschutz nach an d'Vitrinn vun der Politik stellt."
De Schued ass da souwisou schonn do. Wéi hei um Potaschbierg, wou am Mee e Schantjen déi kleng Millebaach bis erof an d'Sir verknascht huet.
De Claude Strotz vun der Federatioun vun de Sportfëscher erkläert, wéi de Bulli sech op kleng Déieren am Waasser leed, se reegelrecht erstéckt. Wa Bulli sech op Fëscheeër leed, kann eng ganz Brut futti sinn. An enger Zäit, wou et schonn net sou gutt géif ëm de Fëschbestand an de Lëtzebuerger Baachen a Flëss stoen. E Sonndeg de Moie blouf de Filet ënnenof, wou d'Sir an d'Musel leeft, op jidder Fall nees emol eidel.
D'Fëscher maache sech grouss Suergen ëm d'Lëtzebuerger Baachen a Flëss. Si, déi dacks déi éischt sinn, déi d'Fësch um Réck entdecken. Wéi och d'lescht Joer an der Uelzecht.
Net manner wéi 8.100 Awunner am Land sinn net un den Ofwaasser-Reaseau ugeschloss, sou datt dat knaschtegt Waasser aus dësen Haiser a Baachen a Flëss leeft. Dat heescht awer net, datt dëst Ofwaasser net traitéiert ass, well an der Majoritéit vun de Fäll ass d'Waasser duerch eng Fosse septique gelaf.
All Fossen, déi net méi den Ofwaasser-Normen entspriechen, mussen och vu Privatleit duerch nei, funktionell biologesch Fossen ersat oder un den Ofwaasser-Reseau vun der Gemeng ugeschloss ginn.
Dat schreift d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den liberalen Deputéierten Bauler a Graas.
U sech wollten d'DP-Politiker gewuer ginn, wéi et mam Ofwaasser ass, dat duerch e Kanal beim Patton-Monument ontraitéiert an d'Sauer leeft: dëser Problematik ass ee sech bewosst, sou datt zanter 3 Joer un engem neien Ofwaasser-Traitement-Projet mat ënner anerem neie Kollekteren an Iwwerlaf-Bassenge gebaut gëtt. An 3 Méint soll de Projet "Ierpeldenger Dräieck" fäerdeg sinn. Da ginn 3 al Iwwerlaf-Bassengen doduerch ersat an et soll keen ongefiltert, mä nëmmen nach proppert Waasser an d'Sauer lafen.