
A ville Länner weltwäit gëtt mëttlerweil geimpft. Och zu Lëtzebuerg ass dëse Méindeg de Start vun der Impfcampagne. Een essentielle Bestanddeel vun all den Impfstrategië si speziell Ultra-Low-Freezeren, an deenen d’Vaccinen deels bis zu -80 Grad kënne gelagert ginn. Zu den weltwäite Spezialisten an dem Domaine gehéiert d’Lëtzebuerger Entreprise B Medical. Hir Frigoe sinn iwwerall op der Welt gefrot, och an den Vereenten Arabeschen Emiraten.
An den Emirate gëtt zanter dem 3. November geimpft. Bis spéitstens de 15. Oktober 2021, wann d’Weltausstellung zu Dubai opgeet, soll déi ganz Populatioun geimpft sinn. An engem Land, wat bekannt ass fir seng extrem Hëtzt, dacks tëscht 40 a 50 Grad, ass de Stockage vum Vaccin essentiell. De Lëtzebuerger David Heyman schafft zu Dubai als CFO an enger Schlësselpositioun vun enger vun de gréisste Spidolsgruppen aus den Emirater. Nach d’lescht Woch hu si sech Gedanke gemaach, wou se d’Freezere sollen hierkréien. Schonn dëser Deeg flitt den Éischten am Express mat der Cargolux op Dubai. Normalerweis géing dës Prozedur 5-8 Wochen daueren, erkläert de Lëtzebuerger.
„Also ech muss soen, als Lëtzebuerger huet een Avantagen, wann ee mat Lëtzebuerger schwätzt. Ech mengen net, dass et soss sou schnell gaange wär. An ech muss soe wierklech, dass do eng ganz Rëtsch Leit involvéiert sinn, och vum Ministère a vu B Medical selwer a vun der Cargolux a jiddwereen huet een Effort gemaach, fir dat ganz schnell hinzekréien. Ech hat mer net erwaart, dass et sou schnell géing goen.“

Am Ganzen huet de Spidolsgrupp, fir deen den David Heyman schafft, 6 Frigoe bestallt. Dat wär awer just fir säi Grupp, do dierften nach Anerer nozéien.
„Mir wëllen nämlech elo och am Privatsecteur zu Dubai de Pfizer-Vaccin erausginn. D’lescht Woch hu se am Ministère ugefaangen am Secteur public, deen de Leit ze ginn. Elo wëlle mir gären am Privatsecteur dat selwecht maachen. Dofir brauche mer de Vaccin, deen hu mer, dat ass den Avantage a wat eis elo feelt ass de Frigo.“
Bis ewell hätt nach kee Spidol an den Emirate Frigoe vu B Medical Systems, dat kéint also eng grouss Chance si fir d’Lëtzebuerger Entreprise. An dat och an der ganzer Regioun. D’Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an den Emirater kéint definitiv ausgebaut ginn.
„Mir haten elo nach am Februar, am Ufank vum Joer, just virum Covid, eng ganz Delegatioun vum Ministère de la Santé, geleet vum Här Etienne Schneider, deemools nach Gesondheetsminister. An déi hu sech eng Klinik ugekuckt, déi ech deemools mat opgebaut hunn, den King’s College Hospital Dubai. An do ass et drëm gaangen erauszefannen, wéi gesinn déi allerneisten, modernste Klinicken aus, mat der ganzer IT, mat der Technologie. Wat kann een do vläicht léieren, ofkucken, zesummeschaffen, fir dat och op Lëtzebuerg ze bréngen. Fir wierklech hei Klinicke vum 21. Joerhonnert opzebauen.“
Et géif do op alle Fall ganz vill Potential fir Zesummenaarbecht an der Zukunft ginn, sou nach de Lëtzebuerger David Heyman.