An der Victor Hugo HalDéi éischt zwou Persoune goufen e Méindeg geimpft

RTL Lëtzebuerg
Den Infirmier Kevin Nazzaro an d'Chefinfirmière Catarina Fernandes, allebéid aus dem CHL, sinn déi éischt Persounen, déi zu Lëtzebuerg geimpft goufen.

E Samschdeg si jo déi éischt 9.700 Dose Vaccin zu Lëtzebuerg ukomm. Domadder kënne 4.850 Mënsche geimpft ginn. Esou wéi de Premier an d’Gesondheetsministesch et annoncéiert haten, ass et elo emol um Personal aus dem Gesondheetssecteur.

Informatiounen am Virfeld vun der éischter Testphas

E Méindeg an en Dënschdeg sollten um Lampertsbierg eng 800 Leit hir éischt Impfung kréien. Pro Spidolsgrupp konnte sech jo ronn 200 Mataarbechter umellen.

Fir den Optakt um Méindeg goufen 431 Persounen geimpft, esou de Santésministère op Nofro hin um Dënschdeg. 9 Leit déi invitéiert waren, hätte sech net presentéiert. „Et besteet eng grouss Impfbereetschaft beim Gesondheets- a Fleegepersonal“, sou de Ministère.

E Mëttwoch ass fir d’Fleegepersonal aus den Altersheemer reservéiert an dono mécht den Impfzenter och schonn erëm zou. E geet dann an der Woch vum 18. Januar erëm op, fir datt déi Leit, déi e Méindeg, Dënschdeg an e Mëttwoch geimpft ginn, déi zweet Dosis kënne kréien.

Dat heescht awer net, dass bis dohinner net méi geimpft gëtt. E Méindeg 8 Deeg gëtt ugefaangen an de Spideeler selwer z’impfen, esou datt déi Leit net méi mussen an der Victor Hugo Hal passéieren. Dat gëllt natierlech just fir d’Personal aus dem Spidol a de Sous-traitanten, net fir d’Patienten.

Bis si kënne geimpft ginn, dauert et nach. No de Leit aus dem Gesondheetssecteur komme jo déi eeler a vulnerabel Persounen un d’Rei, déi op d’mannst zum Deel vu mobillen Ekippe geimpft ginn, dann eréischt no an no de Rescht vun der Populatioun. Do ginn et allerdéngs nach keng Detailer, wéi d’Gesondheetsministesch sot, wéi se ugangs dës Mounts zesumme mam Premier déi national Impfstrategie virgestallt huet.

“Firwat? Well mer justement déi Spezifizitéiten nach net hunn, déi mer iwwert d’Zouloossung vun deenen eenzelen Vaccine kréien. Do kréie mer Opschloss, ob zum Beispill verschidde Vulnerabilitéiten d’Impfung ausschléisse géifen. Dat heescht do brauche mer nach méi Informatiounen. Soubal mer déi hunn, kënne mer déi Phas affinéieren.”

Bis elo gëtt et jo eréischt eng Zouloossung an der Europäescher Unioun. Dat ass déi fir de Vaccin vu BionTech a Pfizer. E Mëttwoch an enger Woch soll d’europäesch Medikamentenagence och dee vun der amerikanescher Entreprise Moderna zouloossen.

Wat méi Impfstoff zougelooss gëtt, wat es méi geliwwert gëtt an domadder réckelt dann automatesch och den Datum vun der Méiglechkeet, sech selwer impfen ze loossen, méi no. Quitt, datt dat sécher net fir haut oder muer ass. Jidderee kritt jo am Laf vun den nächste Méint eng Invitatioun geschéckt, wann et bis u sengem Tour ass. Dat heescht et fonctionéiert nom selwechte Prinzip, wéi de Large Scale Testing, esou de Premier Xavier Bettel.

“Genee wéi beim Large Scale Testing ass déi Invitatioun zwou Woche laang gülteg. Dofir ass et och den Appell u jiddereen, sech an den nächste Méint e Rendezvous ze huelen, soubal en d’Invitatioun kritt.”

Optakt vun Impfcampagne - Reportage Dany Rasqué


Soulaang net méi Vaccin zur Verfügung steet, geet et mat engem Impfzenter duer. Soubal es awer méi do ass, komme weider Zentren no, déi geografesch iwwert d’Land verdeelt sinn. Als nächst mécht deen am Süden um Belval op, dono een um Findel am Hangar vun der Air Rescue an een am Norden. Dee kënnt op Ettelbréck an d’Sportshal vum CHNP an da kënnt och nach een an den Osten. Do gëtt nach ëmmer no enger Plaz gesicht.

Optakt vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg
Soulaang net méi Vaccin zur Verfügung steet, geet et mat engem Impfzenter duer. Soubal es awer méi do ass, komme weider Zentren uechtert d’Land no.

An da brauch een och Leit, déi d’Impfung maachen.

An der Victor Hugo Hal, wou et 16 Filière ginn an 8 Patienten d’Stonn kënne geimpft ginn, ginn zum Beispill 55 Leit gebraucht, wa 40 Stonnen d’Woch geimpft gëtt. Den Zenter ka maximal 60 Stonnen d’Woch fonctionéieren, mee da sinn och méi Leit néideg, sot de Luc Feller, den Haut Commissaire à la protection nationale.

“Wa mer den Impfzenter méi opmaachen, da brauch een zum Beispill zwou Schichten. Da brauche mer zwee Mol 55 Leit. Déi Leit, déi kommen engersäits aus Verwaltungen, dorënner den Enregistrement, d’Douane, de CGDIS an d’Arméi. An dann hu mer natierlech d’Dokteren an d’Infirmieren, déi sech op den Opruff vun der Réserve sanitaire gemellt hunn. An dann hu mer natierlech och nach Leit vun de Gemengen, déi eis hëllefen, dat hei z’organiséieren.”

Um 12 Auer e Méindeg de Mëtteg goung et also lass. Um éischten Dag ass d’Victor Hugo Hal bis 18 Auer op. Sief awer nach gesot, datt et natierlech kee Wäert huet, fir einfach dohinner ze fueren, wann ee kee Rendezvous huet.

Live aus dem Impfzenter - Impressioune vum Annick Goerens

Communiqué

Premières personnes vaccinées contre la COVID-19 au Luxembourg (28.12.2020)

Communiqué par: ministère d’État / ministère de la Santé

Catarina Fernandes, infirmière et chef d’unité de l’unité des maladies infectieuses, dont COVID-19 et Kevin Nazzaro, infirmier de l’unité des maladies infectieuses, dont COVID-19, sont les premières personnes qui ont été vaccinées contre le SARS-CoV-2 au Centre de vaccination Hall Victor Hugo à Luxembourg-Limpertsberg, en date du 28 décembre 2020.

Comme prévu dans la stratégie de vaccination, les premières personnes à être vaccinées sont les professionnels de la santé et le personnel des établissements hospitaliers, de même que les ambulanciers, le personnel des structures d’hébergement pour personnes âgées et des réseaux d’aide et de soins, ainsi que les personnes résidant dans ces mêmes structures.

Ainsi seront vaccinées au cours du 28 et 29 décembre, environ 800 personnes du secteur hospitalier, respectivement 200 personnes par établissement hospitalier aigu. Le mercredi 30 décembre, le tour sera au personnel des structures d’hébergement pour personnes âgées - avec également 400 vaccinations prévues. Par ailleurs, des ambulanciers effectuant le transport de patients COVID-19 se sont vus offrir la vaccination au cours de ces trois jours.
Pour les catégories socio-professionnelles visées, à la fois les résidents et les frontaliers seront couverts par le plan d’allocation de vaccins.

Back to Top
CIM LOGO