Hinne geet d’Personal aus an dat net gewollt. Op en Neits sti Clienten, ganz verwonnert, virun zouenen Dieren. Sou geschitt virun engem Café zu Esch.
De Saro Pica réischtert säin eegene Café an zerwéiert deen dann och bei sech am Salon an op senger Terrass. Virun allem moies an nomëttes stinn d’Leit deelweis an der Schlaang, fir hir deeglech Dosis Kaffi ze kréien. Dofir huet hien och véier Leit Personal, dorënner dräi Stéck, déi de Kaffi maachen an zerwéieren. Ma déi sinn déi lescht Woch wéinst Isolatioun ausgefall an dofir huet hie misse kuerzfristeg seng Dieren zouhalen.
Keng einfach Situatioun, déi hien elo probéiert, mat Studenten ze iwwerbrécken.
RTL-Artikel: Corona-Noutfallpläng: CGDIS-Asätz bleiwe garantéiert