Corona-NoutfallplängCGDIS-Asätz bleiwe garantéiert

Loïc Juchem
A ganz ville Beräicher huet een am Moment mat groussen Ausfäll am Personal ze dinn.
CGDIS-Asäz bleiwen och am Noutfall garantéiert
Dofir ginn et extra ausgeschafften Noutfallpläng.

An all Dag komme vill nei positiv Test-Resultater bei an ëmmer méi Mataarbechter mussen a Quarantän.

Verschidde Betriber mussen dofir schonns hir Aarbecht reduzéieren oder bidde just nach déi wichtegst Déngschter un.

Aneschters ass dat awer beim CGDIS, wou an alle Beräicher ronderëm d’Auer e Service muss garantéiert sinn. Mir waren an déi nei CGDIS-Zentral kucken, wéi ee sech hei op méiglech gréisser Ausfäll preparéiert.

Den Kolonell Tom Barnig erkläert eis, dass ee schonns zanter dem Ufank vun der Pandemie op ganz ënnerschiddlech Situatioune virbereet ass. En Virdeel wär och deen, dass ee vill mat den Servicer aus den Nopeschlänner kommunizéiert an och hei gesäit, wéi sech d’Situatioun entwéckelt. An am Fall wou kann een dës Pläng dann och fir Lëtzebuerg upassen.

RTL-Artikel: Wéinst Corona: Caféen a Restauranten deels zou, well Personal feelt

Back to Top
CIM LOGO