VIDEO: Konscht an ArchitekturE Portrait iwwert den Nico Thurm

Molerei, Zeechen an Architektur kënnen zesummegoen. De Kënschtler Nico Thurm ass an all dësen Domänen doheem. Hien nennt seng Molerei "minimalistesch".

E Portrait iwwert de Kënschtler Nico Thurm (28.12.2018)
Molerei, Zeechen an Architektur kënnen zesummegoen. De Kënschtler Nico Thurm ass an all dësen Domänen doheem. Hien nennt seng Molerei "minimalistesch".

Thema ass heibäi ëmmer d’Spill mam Raum, de geometresche Formen an der Déift vun enger Dimensioun.

Dem Nico Thurm seng Aarbecht baséiert dacks op Zeechnungen a klénge Maquetten aus Drot. Eng ähnlech Preparatioun, wéi bei engem Architekt. Och d’Abanne vun Naturelementer, wéi dem Wand a Waasser, spillt eng grouss Roll. Den Nico Thurm weist, wéi Konscht, Raum an Ëmwelt sech konkret ergänzen.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Eng kënschtleresch Approche bréngt den Nico Thurm och an Zesummenaarbecht mam Architekt Jim Clemes mat. De Mamer Kinneksbond oder de Waassertuerm zu Gaasperech sinn 2 esou iwwergräifend Projeten. Kënschtler an Architekt funktionéieren hei an enger Symbiose.

Nieft dem technesche Volet ass fir de Jim Clemes de kënschtlereschen Apport vum Nico Thurm net nëmmen e Gewënn, ma och eng Noutwendegkeet.


Iwwer d‘Wierk vum Nico Thurm a seng Zesummenaarbecht mat der Architecture ass och e Buch erauskomm: „Nico Thurm architecte“.



"Nico Thurm architecte" bei www.mediart.lu

Le livre qui se présente sous un aspect contemporain retrace le développement pictural et sculptural de Nico Thurm et met en exergue les relations étroites de sa démarche artistique avec ses recherches architecturales. Richement illustré, le volume qui compte 262 pages, donne un aperçu exhaustif de l’œuvre globale de Nico Thurm. Les contributions rédactionnelles de Paul Bertemes, Lucien Kayser, Christian Mosar et Mirjam Oesch relèvent les accents marquants de cette riche carrière d’artiste-architecte. La conception graphique du livre été confiée à Fernand Rollinger. Le suivi rédactionnel et conceptuel a été assuré par mediArt en coopération avec Jim Clemes.

Le livre est en vente au prix de 40 €.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.