Déi aacht Finaliste fir de Luxembourg Song Contest sti fest
Leschte Weekend gouf am RTL-Gebai no de beschte Kandidate gesicht, fir Lëtzebuerg am Mee zu Wien um Eurovision Song Contest ze representéieren.
Ee Schratt feelt jo allerdéngs nach, déi grouss LSC-Finall am Januar an der Escher Rockhal. Aacht Finalisten hu sech aus den 58 Kandidaten erauskristalliséiert, déi sech gemellt hat an hiert Kënnen de 24., 25. a 26. dëse Mount virun der internationaler Jury ënner Beweis gestallt hunn. Nei, ganz onbekannte Gesiichter waren dobäi, ma och Leit, déi een déi lescht Jore scho begéint huet.
De Jury huet sech "impressionéiert" gewisen, iwwer esou vill Diversitéit ënnert de Kënschtler. Fir Verschiddener ënner hinne war et deen alleréischte Schratt an hirem musikalesche Parcours an eleng duerch d'Matmaache hëlt een eppes méi un Erfarung mat, fir d'Talent och an Zukunft nach weider ze entwéckelen.
No dräi Deeg Auditions hätt een awer och eng jett villverspriechend Lidder am Repertoire fir de Luxembourg Song Contest, dat géif d'Decisioun allerdéngs net méi liicht maachen, wéi et eestëmmeg vun der Jury heescht. Si wiere lo gespaant, op d'Optrëtter an der Rockhal. Et géif een all Kandidat "bonne Chance wënschen an, dass dat bescht Lidd gewënnt!"




























































































































An dat sinn déi aacht Finalisten
© RTL Grafik
De Singer-Songwriter Luzac huet seng Passioun fir d'Sangen am Alter vun 9 Joer entdeckt, nodeems hien "High School Musical" gesinn hat. Zanter e puer Joer schreift a komponéiert hie fir aner Kënschtler, ier dunn 2021 seng éischt eege Single "J’y arriverai" erauskoum. Zanter der drëtter Plaz beim LSC 2025 huet de Luzac mat ville Lëtzebuerger Kënschtler zesummegeschafft an hat sëllegen Optrëtter. Nieft der Musekskarriär schafft hien als Educateur mam Schwéierpunkt am psycho-edukative Beräich.
Ugefaangen huet alles mat engem Schoulchouer an zanterhier huet et net méi opgehalen. Nieft enger klassescher Ausbildung stoung den Hugo One schonn op de Bünen a ganz Lëtzebuerg, vu Philharmonie bis den Atelier an och op der Luxembourg Pride. A senger Musekswelt fusionéiere Soul, Pop an Disco zu engem richtegen Erliefnes zesummen. Nieft der musikalescher Karriär schafft den Hugo One als Eventmanager.
© RTL Grafik
De Pop/Rock-Trio ass aus Léck an huet 2022 hir éischt EP "In Sight" erausbruecht. De Matias Pollicino, Nathanaël Paulis an de Louis Comblin vu Lëtzebuerg hu sech am Conservatoire Royal zu Léck kenne geléiert, wou zwee vun hinnen e Master an zäitgenëssescher Kompositioun an deen drëtten e Master an der Perkussioun ofgeschloss hunn. Spéider hu si sech an de Beräicher Concertsorganisatioun, Kënschtlermanagement a Museksproduktioun spezialiséiert. Op der Bün spillt de Louis Gittar a Piano, de Matias d'Batterie an den Nathanaël séngt a spillt Gei.
Am Alter vun 3 Joer huet sech d'Eva Marija an d'Gei verléift, dat nodeems den Alexander Rybaks "Fairytale" de Eurovision Song Contest gewonnen hat. Zanterhier huet si e puer musikalesch Ausbildungen am Lëtzebuerger Conservatoire absolvéiert. Nieft Gei studéiert si Gesang, Piano a Bassgittar, an dat queesch duerch all Museksrichtungen, vun Jazz a Klassik bis hin zu Pop/Rock. Gebuer an opgewuess ass d'Eva Marija als Duechter vu sloweneschen Elteren an ass mat béide Kulture verbonnen. Aktuell studéiert si Songwriting zu London.
© RTL Grafik
De Steve huet d'Léift zur Musek mat Hëllef vun enger Pianos-App op sengem iPod entdeckt, mat där hie sech d'Instrument bäibruecht huet. Zanter mëttlerweil 15 Joer spillt hie Piano a Gittar a widmet seng Zäit dem Songwriting an dem Produzéiere vu Musek. Virun 8 Joer huet hien och ugefaangen, ze sangen. Nieft senger musikalescher Karriär huet de Steve och e Bachelors-Ofschloss a Psychologie a schléisst den Ament e Masterstudium an Informatiouns- a Kommunikatiounswëssenschaften zu Freiburg of.
D'Daryss kënnt aus der Welt vum Theater an huet am Conservatoire d'Art Dramatique zu Mons studéiert. Geschichten erzielen duerch d'Schauspill, Gesang an Danz hu si zanter hirer Kandheet begeeschtert. No sëllegen Theaterstécker a Musicals ass et elo Zäit fir déi eege Musek. Haut leet si e Studio, wou si Theatercoursë fir Erwuessener a Kanner gëtt an hëlleft niewebäi am Familljerestaurant.
© RTL Grafik
D'Irem huet eng klassesch Ausbildung a Musekstheorie an Jazzdanz am Lëtzebuerger Conservatoire. Ier si eng musikalesch Richtung ageschloen huet, hat d'Irem nach am Kader vum Projet "Kolléisch in Concert Musical" an e puer Musicals matgemaach. 2023 koum dunn déi éischt EP "Look At Me" eraus an direkt hannendrun nach déi zweet EP "Diamonds & Birkins" am Joer 2025. Den Ament absolvéiert si e Masterstudiegank a Physik zu Wien.
Den Andrew huet sech alles selwer bäibruecht a fir hien ass Musek d'Sprooch vun de Gefiller. Schonn zanter der fréister Kandheet ass hie faszinéiert vun der spezieller Connectioun tëscht dem Kënschtler an dem Public. Gebuer ass hien a Portugal, lieft awer zanter 10 Joer hei zu Lëtzebuerg, wou hie sech komplett der Musek widmet.
Iwwregens, bis Januar musst Dir net waarden, fir de Kandidaten hir Lidder ze lauschteren. Am Dezember wäerte mir Iech déi aacht Lidder virstellen.



















































































































































































































































































































































































































































































































































