Biennale "De Mains de Maîtres"
Stréi-Marketerie, en aalt Lëtzebuerger Handwierk
Vum 20. bis den 23. November 2025 ass d'Biennale "De Mains de Maîtres".
All zwee Joer weist dëst Event déi kreativ Diversitéit vun eise Kënschtler an Handwierker. Dës Editioun konzentréiert sech op d'Natur. 67 lëtzebuergesch Kënschtler, jidderee mat senger eegener Sprooch, verschiddenen Techniken a Materialien, presentéieren hir Wierker. Eng Kënschtlerin ënnert hinnen ass d'Letizia Romanini.
Mir waren an hiren Atelier luussen a léieren en aalt lëtzebuergescht Handwierk kennen, an zwar d'Stréi-Marketerie.
Am meeschte gelies