D'Gewënner sinn annoncéiert, Präis an der Literatur fir d'Claudine Muno
An de Kategorien "Literatur", Kannerbuch/Jugendbuch" a "Sachbuch" waren all Kéiers fënnef Bicher an der Course.
De Buchpräis an der Kategorie Literatur ass dëst Joer fir d'Claudine Muno fir "Dëst ass net däi Liewen". Si sot bei der Iwwerreechung iwwer dëst Wierk:"Ech hat nach ni ee Personnage, bei deem ech esou d'Gefill hat, dass en iergendwous dobaussen ass".
D'Charlotte Reuter a Lynn Cosyn wannen an der Kategorie Kannerbuch/Jugendbuch fir "D'Rommel Bommel an hir Frënn"
De Buchpräis an der Kategorie Sachbuch ass 2023 fir Germaine Goetzinger fir "Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur".
Den Designpräis ass fir d'Fabienne Hollwege “To LIVE heißt leben und LIEBE heißt Love”, wat net op der Shortlist war.
De Publikumspräis war fir "Koma 21" vum Anja Di Bartolomeo.
An der Jury waren dëst Joer: D'Dominique Henry, d'Fabienne Faust, d'Charlotte Ziger, de Laurent Thiry an de Cosimo Suglia.
Et waren nominéiert:

© Lëtzebuerger Bicherediteuren
Kategorie Literatur:
- Claudine Muno "Dëst ass net däi Liewen" (Op der Lay)
- Antoine Pohu "Parfois la nuit se tait" (capybarabooks)
- Luc François "Wasserstand" (Kremart Edition)
- Kerstin Medinger "Le départ" (Editions Phi)
- Guy Rewenig "Schnatt" (éditions guy binsfeld)

© Lëtzebuerger Bicherediteuren
Kategorie Kannerbuch/Jugendbuch:
- Charlotte Reuter & Lynn Cosyn "D'Rommel Bommel an hir Frënn" (Ernster Editions)
- Sandra Martins "D'Sasha an de Flint - Eng magesch Melodie" (Editions Schortgen)
- Renée Weber "Dem Louis seng Nues" (Op der Lay)
- Marc Weydert & Marie-Isabelle Callier "Zerknujelt Geschichten" (PersPektiv Editions)
- Anja Di Bartolomeo "Koma 21" (éditions guy binsfeld)

© Lëtzebuerger Bicherediteuren
Kategorie Sachbuch:
- Germaine Goetzinger "Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur" (éditions guy binsfeld)
- Samuel Hamen&Melitta Schubert "Österreich und Luxemburg im Dialog" (éditions guy binsfeld)
- Josiane Kartheiser "Ärztin ohne Furcht und Tadel -Dr.Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk" (Editions Phi)
- Collectif "Traces, Kufa's Urban Art Esch" (Point Nemo Publishing)
- Michel Pauly "Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten" (capybarabooks)
Fir de Publikumspräis konnt een och dëst Joer nees op RTL.lu ofstëmmen
