Buch vun der Woch"Der Pfau" vum Isabel Bogdan

"Der Pfau" vum Isabel Bogdan ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.

Et ass deen éischten eegene Roman, deen d'Isabel Bogdan geschriwwen huet. Bis ewell huet se haaptsächlech Wierker vu bekannten Auteuren wéi Nick Hornby oder Jane Gardam op däitsch iwwersat. "Der Pfau" ass eng witzeg, skurril, charmant Geschicht, déi een bal an engem Siess ka liesen.

Dat hänkt sécher dorunner, datt déi 245 Säiten am handlechen an attraktive Buchformat mat festen a blénkeg illustréierten Deckelen sech agreabel liesen. Mä et huet sécher awer och mat der Sprëtzegkeet vun der Geschicht ze dinn, déi een net lassléisst, bis een se fäerdeg gelies huet.

Alles spillt a Schottland an den Highlands op der ländlecher Proprietéit vum Lord an der Lady MacIntosh, déi dat aalt Gemaier mat vill Léift verwalten an un Touristen verlounen. Villes bréicht Renovatioun, mä de Charme vum ale Gutt a senger Natur schéngt de meeschte Visiteuren ze gefalen. Nieft de Proprietairen gehéieren zum Haff nach zwee Leit Personal, zwee Hënn, eng Gäns a vrun allem e puer Pohunnen. Ee vun hinnen huet awer grad ugefaangen sech komesch ze verhalen. Hien huet vun engem Moment op deen aneren eng extrem Aggressivitéit géint alles entwéckelt, wat blo ass.

Dozou gehéiert och de bloen Auto vun enger sympathescher Koppel, déi an engem vun de Cottage Vakanz mécht. Eng Affaire, iwwer déi sech sech Gäscht a Proprietairen awer am gudden eenegen.

Da kënnegt sech fir de Weekend e Grupp vu Banker un fir en Team-Building-Seminaire mat komplettem Stuff. Nieft der Cheffin an hire véier männlechen Employéen sinn dat nach eng eege Kächin, d'Psychologin, déi d'Coursen hält an der Cheffin hiren Hond.

De Fligel an deem de Grupp sech aquartéiert, ass wuel net an der beschter Verfassung, mä mat e bëssi Improvisatioun gi Kummeren an Openthaltsreim a Form bruecht. An d'Kächin, déi quasi hir ganz Kiche matbréngt, verwinnt déi deels generfte Banquieren op hir Manéier. Mat de Rollespiller vun der Psychologin deet um Ufank nach jidderee sech schwéier, mä och dat pendelt sech lues awer sécher an.

Alles kéint klappen wier net e Schnéistuerm ugekënnegt an der Cheffin hiren Auto blo. Trotz alle Precautiounen, dee wëlle Pohunn aus de Féiss ze kréien, attackéiert dat geckegt Déier awer d'Gefier an dat huet fir d'Fiedervéi fatal Suitten. Suitten, déi nach aner Suitte mat sech zéien.

Méi soll hei net verrode ginn, well ech géif iech dann de ganze Genoss un dëser erfrëschender Story huelen.
D'Isabel Bogdan zeechent mat subtilem Humor d'Evenementer, déi passéieren an d'Personnagen, déi se erliewen. Personnagen, déi ganz eegen a skurril Charaktere sinn, jiddereen denkt sech säint an heiansdo seet en et och. Allerdéngs ni an direkter Ried, d'Schrëftstellerin gebraucht an hirem deskriptive Genre tatsächlech keng Dialogen. Dat funktionéiert awer ganz gutt, well et ass een als Lieser um Enn sou eppes wéi de Vertraute vun der Autorin an deemno, och deen Eenzegen, deen déi ganz Wourecht kennt.
E Buch fir e Weekend, oder e laangen Owend a virun allem fir gutt Laun ze kréien.

Buch vun der Woch: "Der Pfau" vum Isabel Bogdan