Am neie Joer mussen Leit, déi net aus engem Land aus dem Europäesche Wirtschaftsraum kommen, 45 Prozent méi Entrée bezuelen, wa si an de Louvre wëllen.

Dës Mesure soll vum 14. Januar u gëllen. Nieft de Leit, déi aus engem EU-Memberland kommen, mussen och Bierger aus Island, Liechtenstein, an Norwegen net mat dëser Hausse rechnen. Leit aus aner Länner mussen dann 32 Euro fir een Ticket bezuelen, esou de Musée en Donneschdeg. Mat dëser Hausse vun de Präisser wëll ee "strukturell Problemer" vum Musée behiewen.

Datt d'Bijouen am Oktober aus dem Louvre geklaut goufen, huet gewisen, datt d'Sécherheetssystemer vum Musée net géifen duergoen, heescht et an engem ëffentleche Bericht. Duerch d'Hausse vun den Ticketspräisser erhofft sech de Louvre eegenen Aussoen no eng Hausse vun de Recette vu 15 bis zu 20 Milliounen Euro am Joer.

Besonnesch betraff dierften US-Bierger vun dëser Hausse sinn. Si maachen déi gréisste Grupp vun auslännesche Visiteuren am bekannte Musée aus. Och chineesesch Bierger, op der Plaz dräi vun den auslännesche Visiteuren, mussen an Zukunft méi déif an d'Täsch gräifen. Offiziellen Zuelen vum Louvre no hat een dat lescht Joer ronn 8,7 Millioune Visiteuren, dorënner 69 Prozent Auslänner.

Beim Abroch den 19. Oktober haten d'Abriecher Krounbijoue vun engem reng materielle Wäert vu ronn 88 Milliounen Euro geklaut , den historesche Wäert vun dëse Bijouen ass net ze schätzen. D'Täter waren am Dag mat engem Lift, änlech wéi deenen, déi ee beim Plënnere ka benotzten, an de Musée agedrongen. Op dem selwechte Wee koume si eraus, éier si op klenge Motorrieder geflücht sinn.

No deem Abroch war d'Leedung vum Musée an d'Kritik geroden, well eben d'Sécherheetsmesuren net um aktuelle Stand wieren. D'Directrice Laurence des Cars hat annoncéiert, datt eng mobil Policestatioun am Louvre géif ageriicht ginn a bis Enn vum Joer 100 nei Kamera géifen an den Asaz kommen.