Kuerz nodeems déi fënneft Staffel vun der Kultserie online gaange war, goung de Streamingdéngscht an d'Getten.

D'Servere vun Netflix ware ronn dräi Minutten "down". Ze vill Leit wollte sech dee selwechte Moment déi nei, fënnefte Staffel ukucken. Och duerno gouf et plazeweis nach Problemer fir op de Streamingdéngscht zouzegräifen.

Et war net fir d'éischt, dass Netflix wéinst "Stranger Things" an d'Gette goung. Schonn 2022 war et zu Problemer komm, wéi déi lescht zwou Episode vun der véierter Saison online gaange waren. Och de Boxmatch tëscht dem Mike Tyson an dem Jake Paul hat fir änlech Problemer gesuergt.

Nei Rekorder

D'Fans vun der Kultserie konnten de Lancement vun der neier Staffel kaum erwaarden. Virum Start goufen déi al Episoden esou dacks gekuckt, dass alle véier Staffele gläichzäiteg an den Top Ten vun de meeschtgekuckte Serië stoungen. Dat gouf et nach ni. Experte ginn dovun aus, dass déi fënneft Staffel déi meeschtgekuckte vun der ganzer Serie wäert ginn.