Viru knapp engem Joer stounge mer niewent dem Lëtzebuerger Youtuber Arty D, an hunn him beim Zeechnen nogekuckt.

Den 12 Joer jonken Dennis hat deemools schonn iwwer 100.000 u Follower, ma haut sinn et der 676.000.Hie begeeschtert seng “Follower”, andeems en seng Biller mat engem Stëft zerstéiert , a se dann nees mat “Doodles”, wéi een dat nennt , nees verschéinert. Seng Videoen gi scho mol bis zu 14 Millioune mol gekuckt.

Näischt war esou richteg geplangt beim Denis, weder säi Youtube Kanal , nach seng “Follower”, a scho guer net eng Ausstellung vu senge Wierker. An déi gouf et awer elo zu Bartreng an der Maison Schauwenburg. D’Gemeng war op hien opmierksam ginn a bitt gären deene jonken Artisten eng Plattform u fir hir Konscht auszestellen.Den Arty D iwwregens war méi wéi erstaunt ewéi en 38 Biller vu senge ganzer 50 op dem Vernissage verkaf huet.