Fënneft Editioun vu "Young Luxembourgish Artists"




































































D'Konschtplattform YLA ass 2021 gegrënnt ginn an ënnerstëtzt jonk, opstriewend Kënschtlerinnen a Kënschtler zu Lëtzebuerg.
Mat der Missioun, jonke Kënschtler eng Starthëllef vun hire Studien an d'Professionalitéit ze ginn, kann een op den Ausstellunge vun de "Young Luxembourgish Artists" zanter véier Joer ëmmer erëm nei Konscht entdecken. Dëst Joer sinn néng nei Artisten dobäi mat enger Villfalt u verschiddene Medien.
Dëst Joer ass nieft Molerei, Fotografie, Zeechnung, Skulptur an Installatioun och kinetescher Konscht dobäi. Hei geet et virun allem ëm d'Beweegung oder d'Illusioun vun der Beweegung.
Ma nieft deenen néng neien Artiste sinn awer och zwee bekannt Gesichter op der Expo vertrueden. Dat an der sougenannter Focus Section.
Nach bis den 23. Januar kann ee sech d'Expo an der BIL ukucke goen.