E Gedanken, dee sech konkretiséiert, deen da “sprochräif” ass a schlussendlech “zu Pabeier bruecht” gëtt. Dëse Prozess ass d’Iddi hannert  “Many spoken words”, och nach bekannt als “Black Fountain”,  der Tëntefontaine, déi am Mudam ausgestallt ass. D’Wierk vun der Kënschtlerin Su-Mei Tse war d’Inspiratioun fir den Numm vun deem neien Editiounshaus, dat en Dënschden den Owend am Casino virgestallt gouf. “Black Fountain Press” spezialiséiert sech drop, Bicher an englescher Sprooch erauszebréngen. D’Bea Kneip huet d’Detailer.

Dat éischt Buch aus der Editioun “Black Fountain Press” wäerte mer Iech also geschwënn op dëser Plaz virstellen. Den nächste Rendez-vous mat dem neie Verlag ass iwwregens schonn de 6ten Abrëll zu Miersch am Literaturhaus, bei enger Soirée mam Titel “Do you speak English?”

RTL

D'Equipe vu Black Fountain Press: v.l.n.r Laurent Fels, Nathalie Jacoby, Jeff Thill, Anne-Marie Reuter