Firwat ass de Clement S. esou wéi hien eben ass? Hien ass en Eenzelgänger dem net vill u senge Matmënsche läit. Seng grouss Passioun sinn d'Primzuelen.

Mat "Prinzessin Charlotte", enger Erzielung mat autobiographeschen Elementer,  huet de Jos Kayser 2017 säi literareschen Debut ginn. Seng Novell "D'Bomi ass dout" koum virun e puer Méint eraus, an elo dann, säin drëtt Buch, dat d'Bea Kneip Iech elo virstellt. Den Titel: "De Mann, deen ëmmer laacht."

De Mann deen ëmmer laacht

D'Laachen kéint engem nawell am Hals stieche bleiwen, wann een de Protagonist vun dësem Buch kenneléiert. De Clement S. ass e Pedant, e klengkaréierte Bürokrat, dee mat senge Matmënschen näischt ufänke kann, an den sech e Spaass draus mécht, hinnen e Fouss ze stellen, wann et  nëmme méiglech ass. Entweder andeems e genësserlech "Refusé" op all Demande stempelt déi op sengem Schreifdësch an der Verwaltung lant, oder andeems e ganz aktiv no Méiglechkeete sicht fir hinnen ze schueden. Natierlech ëmmer hannert hirem Réck, an och nëmmen dann, wann et keen trëfft den him selwer schuede kéint...De Clement S. ass en agefleeschte Jonggesell, seng Bezéiunge mat Frae limitéieren sech op Internetbekanntschaften an Ausflich an Etablissementer déi aner Säit vun der Grenz. Allerdéngs ni zweemol bei dat selwecht Meedchen, aus Prinzip. Gefiller sinn him friem, Famill oder Frëndschaften bedeiten him näischt. Kee ganz sympatheschen Typ, also...
Un de Mënsche läit him näischt, eng Passioun huet en awer: Seng Faszinatioun fir d'Primzuelen. Vun de Lottoszuelen déi en all Woch ukräizt, iwwer Autosplakken, Gebuertsdatumen oder Telefonsnummeren, fir hien hunn d'Zuelen eng eegen Ästhetik.
Dat erënnert plazeweis un autistesch Charakterzich, woubäi een de Clement S. awer net esou einfach anuerdne kann. Zu anere Momenter kënnt en engem vir wéi en typesche Soziopath, dee seng Matmënschen ganz genee aschätze kann, a si ouni Gewëssensbëss manipuléiert. Den Här S. ass kee reelle Mënsch, mä éischter en Amalgame, aus villen, dacks géigesätzleche Aspekter. De mann deen ëmmer laacht, mécht dat net well en esou lëschteg oder gutt gelaunt wier, e laacht fir Onsécherheeten ze verstoppen, a sécher och well en sech iwwert deenen aneren hire Misère ameséiert. Wéi hien seng Welt gesäit, ass eng Saach, wéi d'Welt op hie reagéiert, eng ganz aner. Am Laf vun den 114 Säite mécht en eng Entwécklung duerch, déi sech ënner anerem a sengem Numm erëmspigelt.
De Clement, ob mat oder ouni Familljennumm, ass um Cover vum Buch ze gesinn, gezeechent vum Kënschtler Pit Wagner

D'Buch huet e ganz speziellen Touch, mat engem Protagonist dee beonrouegt, ofstéisst, deen engem awer heiansdo och scho bal leeddeet.  E ganz ambivalente Personnage, dem een sech als Lieser awer schwéier entzéie kann. Fir de Jos Kayser war et dat éischt Buch bei dem hien d'Geschicht scho vun Ufank un an allen Detailer am Kapp hat, aus engem Goss souzesoen. An dat mierkt een och beim Liesen.

"De Mann deen ëmmer laacht" vum Jos Kayser ass bei Edition Schortgen erauskomm

RTL

© RTL/Bea Kneip