Wéi d'Gemeng Käl/Téiteng e Freideg um 11 Auer matgedeelt huet, wäert déi bekannte Punk-Legend mat senger Band P.i.L e Stopp am Grand-Duché maachen. Gewannt bei eis är Koppel Ticketen!

E Sonndeg de 7. Juni 2026 kënnt d'Punk-Legend Johnny Rotten mat senger Band Public Image Limited op Téiteng an d'Schungfabrik. Den Johnny Lydon, besser bekannt ënnert dem Numm Johnny Rotten, ass virun allem als Sänger vun der Band "Sex Pistols" weltbekannt ginn.

Den offizielle Virverkaf ass den 03.12.2025 um 11 Auer, dat um offizielle Site vun der Schungfabrik. Offiziell Abonnente vum Newsletter kënne schonn den 01.12. vun 11 Auer un hir Ticketen exklusiv sécheren.

Maacht bei eisem Gewënnspill mat a gewannt eng Koppel Tickete fir de Concert de 7. Juni 2026!