Däitsche Medien no gouf si dout an hirem Haus zu Eyendorf an Niedersachsen fonnt.

Hir Karriär als Schauspillerin ass schonn an de Mëtt 50er Joren ugaangen, hiren éischte gréisseren Duerchbroch hat si 1959 a "Rosen für den Staatsanwalt". An deenen nächste Joren hat si och a sëllegen Hollywood-Produktioune matgespillt an ass zu enger vun de bekanntsten däitschen Actricë ginn. 2009 ass si aus der RTL-Reality-Show "Ich bin ein Star - Holt mich hier raus!" als Gewënnerin an "Dschungelkönigin" ervirgaangen an esou och engem méi jonke Public bekannt ginn.

Fir besonnesch Opmierksamkeet hat d'Ingrid van Bergen iwwerdeems och 1977 gesuergt, wéi si den 3. Februar hiren 33 Joer ale Partner, de Klaus Knaths an hirer Villa an alkoholiséiertem Zoustand erschoss huet. Si gouf de 27. Juli 1977 wéinst Doudschlag zu enger Prisongsstrof vu 7 Joer verurteelt, koum awer no véier Joer wéinst gudder Conduite nees op fräie Fouss.

RTL

Ingrid van Bergen an "The Counterfeit Traitor" aus dem Joer 1962 / © Paramount Pictures - Perlberg-Se / Collection ChristopheL via AFP