Budget 2017Pierre Gramegna: Scholdespiral gebrach a Staat stellt an

Méi Depensë wéi Recetten an Investitiounen op Rekordniveau: E Mëttwoch huet de Finanzminister um Krautmaart de Budget virgestallt. - Infoen a Reaktiounen.

Budget 2017: d'Oppositioun reagéiert. (12.10.2016)
Kee Budget vun der Zukunft (Claude Wiseler) E Budget fir d'Finanzmäert (David Wagner) Verreckt an Onresponsabel (Gast Gibérien)


Budget 2017: Reaktiounen vun de Regierungs-Parteien. (12.10.2016)
Vun Excellent bis Virsiichteg. Generell sinn DP, LSAP an Déi Gréng zefridden. All fanne se hier Handschrëft zeréck.


Chambre de Commerce zum Budget 2017 (12.10.2016)
D'CC schwätzt vun engem Budget vum Wuesstem: d'Depensen wéi och d'Recetten wuessen, an e wier nawell optimistesch, well een vun engem Wuesstem vun 4,6% ausgeet.


Déi Kéier ass de Budgetsprojet op engem 2-GB-groussen USB-Stick an engem Bic. Dorop: 1.038 Säite Budgetsgesetz an déi antëscht bekannten Infografiken - déi dat Ganzt engersäits méi lieserlech maache sollen an anerersäits natierlech och ënnersträiche sollen, datt d'Zuele gutt sinn an datt d'Regierung hir Hausaufgabe gemaach huet ...

Ee vun de Schwéierpunkten am Pierre Gramegna senger Interventioun louch um "Qualitative Wuesstem". D'Investitioune klammen 2017 op e Rekordniveau an och déi sozial Komponent bleift staark.

DE BUDGET 2017 AM DETAIL op budget.public.lu.



3 Wierder charakteriséieren de Budget fir d'nächst Joer, sou de Pierre Gramegna: Qualitéit, Solidaritéit a Kompetitivitéit. Den Zesummenhalt vun der Gesellschaft muss gestäerkt ginn. An et ass e Budget vun der Kompetitivitéit, well en eist Land an eis Wirtschaft op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft virbereet.

2017 méi Depensë wéi Recetten

Fir d'nächst Joer gesäit d'Regierung en Defizit vu bal enger Milliard Euro beim Zentralstaat vir. Dat ass op d'Steierreform zréckzeféieren an awer och op d'Investitiounen, déi an d'Luucht ginn.

Et gëtt also massiv investéiert: 2,3 Milliarden Euro. 674 Millioune ginn an d'Mobilitéit, dat fir Infrastruktur-Projeten op der Achs Esch, Stad, Nordstad. 617 si fir de Beräich Ëmwelt a Klima.

De Staat schaaft d'nächst Joer och 1.044 nei Posten, ë.a. 544 am Enseignement an 100 bei der Police.

De Budget 2017 huet och e soziale Charakter, 140 Millioune si fir d'Kanner an d'Famillen. E Plus vu bal 43 Milliounen Euro gëtt et zum Beispill fir de Congé Parental. 22,6 Millioune si fir déi plurilingual Kannererzéiung virgesinn.

D'Steierreform, déi entlaascht d'Stéit ëm 425 Milliounen Euro. De Finanzminister huet déi verteidegt.

De Solde vum Gesamtstaat, der Administration Publique also, ass zwar nach positiv, fält awer op 153 Milliounen Euro. Beim Zentralstaat ass et en Defizit, deen zolidd klëmmt an zwar op 984 Milliounen Euro.

De Pierre Gramegna iwwert den Defizit beim Zentralstaat



Den Objectif à moyen terme vum Solde structurel bleift awer, wäit iwwert dem Minimum vun -0,5%, wéi et vu Bréissel gefuerdert ass, ze sinn.

Et wär een aus der Scholdespiral eraus, fir den Ament wär keen neien Emprunt virgesinn. Keng weider Spuermesurë wären néideg, well den Zukunftspak géif funktionéieren. Dem Land géif et haut finanziell besser goe wéi 2013, huet de Finanzminister gemengt. Et kéint een houfreg sinn op eist Land!

De Pierre Gramegna huet virum deem Hannergrond e ganz positiivt Bild vun de Staatsfinanze gezeechent.

De Pierre Gramegna iwwert d'Staatsfinanzen



Budgetsrapporter ass den LSAP-Deputéierte Claude Haagen.

Nach e puer Zuelen: D'Staatsschold läit elo bei 20,4% vum PIB. Zil ass, fir ëmmer ënner 30% ze bleiwen. De Wuesstem 2015 inflatiounsberengegt: 3,5%; fir 2016 rechent ee mat 3,1% a fir 2017 mat 4,6%. D'Inflatioun louch an den éischte 9 Méint bei 0,1%, d'Kärinflatioun bei 1%.



2017 gouf et 153 Milliounen Euro Iwwerschoss, am Gesamtstaat, 0,3% vum PIB. Ma den Zentralstaat, also d'Administratioun centrale, ass awer nach ëmmer am Defizit: 984 Milliounen, 1,7% vum PIB.

De Staat gëtt d'nächst Joer 17,9 Milliarden aus am Zentralstaat, ronn eng Milliard méi wéi 2016.



Et gëtt, wéi gesot, keen neien Emprunt. De Finanzminister hat fir de Budget 2015 a 2016 eng Autorisatioun gefrot, fir nei Sue léinen ze goen, et gouf bis haut awer keen Emprunt gemaach well, sou de Pierre Gramegna e Mëttwoch de Moien an der Chamber: "Mir sinn aus der Scholdespiral eraus."

A vill Finanzministere wéilte mat him tauschen, esou de Pierre Gramegna. "Ech awer net mat hinnen."

PDF: D'Ried vum Finanzminister.

Reaktioun: Koalitioun pro, Oppositioun contra

Déi eigentlech Debatten iwwert de Budgetsprojet 2017 gi bekanntlech eréischt am Dezember um Krautmaart gefouert.

D'Analys gëtt elo an den nächste Méint virop vum Budgetsrapporter Claude Haagen gemaach. Den LSAP-Député-Maire wëll sech do besonnesch mat der Notioun vum Wuesstem auserneesetzen a wéi deen am Land verdeelt gëtt, huet hie betount.

De Budgetsrapporter Claude Haagen



An enger éischter Reaktioun da si Majoritéit an Oppositioun e Mëttwoch de Moien awer schonn dem bekannte Spillche verfall. DP, LSAP an déi Gréng begréissen de Budget als nohalteg a sozial, dee mat héijen Investissementer d'Zukunft vu Lëtzebuerg géif gutt preparéieren.

CSV an adr hu sech hirersäits besonnesch op den Defizit am Zentralstaat ageschoss, deen dat anert Joer no bäi enger Milliard Euro läit. An deem Kontext hunn d'Fraktiounscheffe vun den zwou Parteien explizit d'Ausmooss vu der Steierreform a Fro gestallt.

A fir den David Wagner vun déi Lénk ass dat doten Budget dee kloer do ass  fir de Finanzmäert ze gefalen.

Den David Wagner vun Déi Lénk



D'Fraktiounscheffin vun deene Gréngen Viviane Loschetter huet an enger éischter Reaktioun déi gréng Handschrëft am Budgetsprojet ervirgestrach. E Budget, dee sech kloer un der Landesplanung orientéiere géif an net "hott an har" investéiert.

D'Viviane Loschetter



Donieft begréisst d'Viviane Loschetter explizit d'Investissementer am Educatiounsberäich. Do sollen  d'nächst Joer jo alles an allem 544 Leit agestallt ginn.

De President vun der Finanz- a Budgetskommissioun, den DP-Deputéierten Eugène Berger schwätzt, grad wéi de Finanzminister selwer, vun engem Budget wéinst deem een eis am Ausland beneide géif.

Ganz positiv Téin also vun de Majoritéitsparteien.

D'Oppositioun gesäit dat gemenkerhand anescht. De Fraktiounschef vun der CSV Claude Wiseler fillt sech no der Presentatioun a senger kritescher Analys vun de Staatsfinanze confirméiert, déi trotz Wirtschaftswuesstem d'nächst Joer am Minus leien. Wat hätt déi gréisst Oppositiounspartei anescht gemaach? An dësen Zäite mat esou enger Croissance hätt ee probéiert, d'Staatsschold méi kleng ze halen. D'Steierreform hätt een dofir eng Nummer méi kleng gemaach an och eng Rei vun neien Ausgaben hätt een net esou gemaach ...

De Claude Wiseler



Kee gutt Hoer léisst den Adr-Deputéierte Gast Gibéryen um Budgetsprojet. Et wier kee Budget fir déi nächst Generatioun an d'Zukunft vum Land, ma en elektorale Budget fir d'Zukunft vun der Regierung ofzesécheren: "Och an deem klenge Bic stécht eng Milliard Defizit." Dat wier am aktuellen Ëmfeld verréckt an irresponsabel.

De Gast Gibéryen



Dee Budget mat esou engem Defizit géif d'Generatiounen, déi no eis kommen, zu ongebremstem Wuesstem an onverantwortleche Sacrificer condamnéieren, sou nach de Gast Gibéryen.

Budget: 1. Reaktioun vum Claude Wiseler - "extrem enttäuschend"


Dossier Budget an Interview Pierre Gramegna



De OGBL well de Budget a Rou analyséieren a réischt méi spéit reagéieren. Den LCGB mengt, datt ee seng Positioun schonn am Kontext vun der Steierreform kloer genuch gemaach hätt, an d'CGFP verweist ob hir Rentrée sociale e Méinden.

Op Patronatssäit da woren d'Vertrieder vun der UEL, der Union des entreprises luxembourgeoises, leider net disponibel, ma dofir krut RTL awer eng Reaktioun vun der Chambre de Commerce agefaangen, déi an enger éischter Redaktioun souwuel Positives ewéi och Negatives am Budget 2017 fonnt huet: Si schwätzt vun engem Budget vum Wuesstem, well souwuel d'Depensen wéi och d'Recetten wuessen, an et wier nawell ganz optimistesch, well een vun enger Croissance d'nächst Joer vun 4,6% ausgeet. Suerge mécht och den héijen Defizit an der Administration Centrale, deen op d'Steierreform an de Verloscht vun de Revenuen am E-Commerce zeréckzeféieren ass. Positiv wier dergéint,  datt d'Investissementer héich gehalen ginn, och wann ee bei der Chambre de Commerce drun zweiwelt, datt dëse Budget der Lëtzebuerger Economie méi Dynamik bréngt. Doriwwer eraus gëtt dat sougenannten antizyklescht Handelen vermësst, also Spueren, wann et gutt geet. D'Chambre de Commerce ënnersträicht och, datt een net einfach ka soen datt dëse Budget gutt oder schlecht ass, mee et géif een elo en Avis ausschaffen, an deem e konstruktiv Kritik mécht.



Le budget 2017 placé sous le signe de la qualité, de la solidarité et de la compétitivité (12.10.2016)

Communiqué par: ministère des Finances

Le ministre des Finances, Pierre Gramegna, a déposé ce mercredi 12 octobre 2016 le projet de loi budgétaire pour l'année 2017, ainsi que le projet de loi de programmation financière pluriannuelle pour la période 2017-2020.

Le budget 2017 est placé sous le signe de la qualité, de la solidarité et de la compétitivité.

Il s'agit d'un budget de la qualité parce qu'il pose les jalons en faveur d'une croissance qualitative et d'une plus grande qualité de vie. En particulier, les investissements environnementaux et climatiques ont plus que doublé depuis 2013, pour atteindre en 2017 le niveau record de 617 millions d'euros, soit pratiquement un quart de l'investissement total.

Il s'agit d'un budget de la solidarité, parce qu'il renforce la cohésion sociale et le soutien aux monoparentaux et familles avec enfants. La plus grande partie des dépenses de l'État se compose de prestations sociales, transferts à la sécurité sociale, subsides et autres transferts de revenus, pour un total de 8,3 milliards d'euros. Les hausses les plus marquantes se trouvent au niveau des allocations familiales (+49 millions d'euros), du congé parental (+42,9 millions d'euros), des chèques services (+26,4, millions d'euros) ainsi que de l'éducation plurilingue (+22,6 millions d'euros). Le Luxembourg reste également solidaire avec le reste du monde, avec un maintien des dépenses pour l'aide au développement à 1% du revenu national brut.

Il s'agit d'un budget de la compétitivité, parce qu'il porte les investissements publics à 2,3 milliards d'euros, un record historique, dans l'intérêt de la modernisation des infrastructures du pays. Par ailleurs, l'État continue à augmenter les investissements dans le logement, ainsi que dans l'enseignement et la recherche, qui sont les clés de la compétitivité à moyen et long terme.

Face à une croissance soutenue de l'économie et de la population, le budget 2017 prévoit la création de 1.044 nouveaux postes, dont 544 dans l'enseignement et 100 auprès de la police grand-ducale.

Au niveau de l'administration publique, le budget 2017 présente un solde positif de 154 millions d'euros ou 0,3% du PIB. Il atteindra 475 millions d'euros ou 0,7% du PIB à l'horizon 2020.

Au niveau des administrations locales (finances communales), le budget 2017 table sur un solde positif de 253 millions d'euros. La sécurité sociale pourra se prévaloir d'un surplus de 883 millions d'euros.

Quant à l'administration centrale, elle fera état d'un déficit de -987 millions ou -1,7% du PIB, en raison notamment de la baisse des recettes du fait des allègements fiscaux prévus pour 2017, ainsi que du maintien des investissements à un niveau élevé. À partir de 2018, ce déficit diminuera progressivement, pour atteindre -571 millions d'euros ou -0,8% du PIB en 2020.

Le Luxembourg reste le seul pays à respecter de manière consistante les règles européennes relatives au pacte de stabilité et de croissance (PSC). Pendant tout la période de 2017 à 2020, le solde structurel restera positif et largement au-dessus de l'objectif à moyen terme, fixé à -0,5% du PIB.

La dette publique est bien sous contrôle sur toute la période de 2017 à 2020, avec un taux d'endettement stabilisé autour de 23,6% du PIB, soit largement en dessous de l'objectif de 30% fixé par le gouvernement, voire de la limite de 60% fixée par le PSC.

Liveticker Alles uweisen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.