Fläschen, Tasen, Pëselen – alles am passende Look

Den RTL-Journalist Christophe Hochard huet sech ëmkuckt, wéi den Trounwiessel vermaart gëtt. Eng jett bekannte Marke sinn op de Marketing-Zuch opgesprong.
Dëser Deeg moies kuerz no 9 an der Stad. Et ass gréisstendeels nach roueg. Ëm des Auerzäit ass et och nach ganz onproblematesch, eng Parkplaz an engem Parkhaus ze kréien. Déi meescht Geschäfter maachen nämlech eréischt um 10 Auer hir Dieren op. Um Knuedler ass schonn e bësse Beweegung. E Fënsterbotzer ass amgaangen, d'Fënstere vum Gemengenhaus an d'Rei ze bréngen. Bei engem anere Buttek lafe gréisser Ëmbauaarbechten.
Op der Sich no Gadgeten
A ronn 10 Deeg sinn den Trounwiessel an e grousst Volleksfest. Ech maache mech op d'Sich no Geschäfter, déi hir Vitrinnen op dëst Evenement hi preparéiert hunn. Ronderëm de Palais fannen ech där Butteker. Ugefaange mat enger grousser, traditioneller Librairie, dem "Ernster". Hei fënnt een allerlee Artikele ronderëm déi zukünfteg groussherzoglech Koppel: vun engem Pësel iwwer e Molbuch bis bei Tase mat de Käpp vum zukünftege Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie. Och Waasserfläsche mam Emblème vum Trounwiessel kann een an dësem Geschäft kafen.
E puer honnert Meter weider an der Rue de l'Eau stoussen ech op eng ganz Panoplie u Gadgete ronderëm den Trounwiessel. An dësem Buttek, wou een alles ronderëm Lëtzebuerg ze kafe kritt, gëtt et e speziell ageriichten Eck fir dat grousst groussherzoglecht Event de Weekend vum 3. op de 5.Oktober.
Hei fënnt een alles, wat d'Häerz begiert. An d'A fält zum Beispill d'Béierglas vun enger bekannter Lëtzebuerger Brauerei. Och Kichendicher mam Wopen an de Faarwe vum groussherzoglechen Haff kann een am "House of Luxembourg" kafen. An nach méi Saachen: Eng Doftkäerz ass am Assortiment gradesou wéi eng Gin-Trilogie an de Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel. Ausserdeem fale mir Postkaarte mam zukünftege Grand-Duc a senger Madamm an de Grapp.
An der Rue du Fossé stoussen ech op d'"House of Villeroy & Boch". An der Vitrinn entdecken ech Parzeläinsgeschier vun de verschiddene Grand-Ducen a Grande-Duchessen. Well et onméiglech ass, flott Fotoe vu baussen ze maachen, ginn ech an d'Geschäft eran, stelle mech vir a froen, e puer Fotoe vun hirer Ausstellung ronderëm de Trounwiessel am Buttek ze maachen. Och hei, ewéi an de Geschäfter virdrun, ass dëst kee Probleem.
Hei kann ech Telleren aus Parzeläin vum Grand-Duc Guillaume III. (1849-1890), dem Grand-Duc Adolphe (1890-1905), der Grande-Duchesse Charlotte (1919-1964), dem Grand-Duc Jean (1964-2000), dem Grand-Duc Henri (2000-2025) an dem Grand-Duc Guillaume knipsen.
Um Glacis, zu Diddeleng an ënnerwee
Duerno geet mäi Stater Tour duerch d'Groussgaass. An de Geschäfter an dëser Strooss weist nach näischt op den Trounwiessel hin.
Zum Schluss trëppelen ech nach bis op de Glacis erop. Dräi Véierel vun dëser Plaz ass mëttlerweil fir d'Parke vun Autoen net méi méiglech. E risege Kran ass amgaange mat schaffen. Vill Aarbechter riichte grouss Zelter op. Ronderëm d'Balustrade si Panneaue mam Vermierk "Trounwiessel" ze liesen. E Samschdeg, de 4. Oktober ass de Glacis jo the place to be.
Den Dag viru menger Visitt an der Stad hat ech schonn en Tour duerch Diddeleng gemaach. Hei wäert d'groussherzoglech Koppel och e Samschdeg, de 4. Oktober op Besuch kommen. An der Geschäftsstrooss ass mir e Buttek an d'A gefall. E Brëllegeschäft, net wäit vun der Gemengeplaz ewech. Hei an der Vitrinn gesäit ee Fotoe vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel a Lëtzebuerger Fändelen.
Zeréck um Büro ukomm, fält mer e Schreiwes vun der Luxair an de Grapp. Och eis national Fluchgesellschaft huet sech Verschiddenes fir dëse groussen Event afale gelooss. Dat geet vun engem extra Emblème op hire Maschinnen iwwer Knippercher a Schampes wärend dem Fluch bis zu enger Spezialeditioun vun hirem Inflight Magasinn.
A wa mer scho vum Fliger schwätzen: Do kritt een dann och de Béier vun der Brasserie Simon am Extra Design. Ob mäi Chef mech matfléie léisst, fir dat ze testen, muss ech nach aushandelen ...
Nieft dem Béier ass awer och de Lëtzebuerger Cremant op den Trounwiessel-Goût komm: Vinsmoselle, Aly Duhr ...
Och eng bekannte Lëtzebuerger Bus-Entreprise huet mech iwwer Mail drop opmierksam gemaach, datt si eng Partie Busser an de Look vum Trounwiessel gesat hunn. Als laangjärege Fournisseur de la Cour huet d'Entreprise vu Kanech am Ganze 4 Linnebussen, 5 Minibussen an ee Reesbus am offiziellen Design vum Trounwiessel "gebrandet". Déi Gefierer vum Emile Weber wäerten esou nach bis d'Enn vun dësem Joer um lëtzebuergesche Stroossennetz ënnerwee sinn. D'Minibusser kommen och am Kader vun de Feierlechkeeten an den Asaz.