Beim ville Reen e Mëttwoch de Moie mellt de CGDIS zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.

Tëscht Sandweiler an Éiter ass en Auto um 5.40 Auer an en Hindernis gerannt, dat op der Strooss louch. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vu Mutfert waren op der Plaz.

Ee weidere Blesséierte gouf et dann nach géint 8.30 Auer zu Mäertert an der Rue de Mompach. Hei krute sech zwee Autoen ze paken. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Mäertert waren am Asaz.

En Dënschdeg den Owend war et bei sechs Accidenter eelef Blesséierter ginn.