Trotz villem Reen: "Bis elo nëmme gesond Drauwe gelies“
De ville Ree mécht et de Wënzer an der Drauwelies den Ament net esou einfach. De Wäi vun dësem Joergang dierft ganz gutt ginn.
De Wënzer Oliver Beck erzielt, datt de staarke Reen déi lescht Deeg fir Problemer gesuergt huet:
"Wann et esou weider reent, da riskéiere mer, datt d’Drauwe faulen an am schlëmmste Fall musse se ewechgeheit ginn."
Fir déi géi Riesling-Wéngerte setzt hie mat sengem Betrib op modern Technik. Eng spezialiséiert Maschinn kënnt an den Asaz. De Virdeel: d’Belaaschtung fir de Buedem ass vill méi kleng. "D'Aarbecht muss gemaach ginn", seet den Olivier Beck, "an d'Jongen, déi d'Maschinn féieren, wëssen, wat se maachen."
De Familljebetrib Beck-Frank huet ongeféier aacht Hektar. Eng kleng Kär-Ekipp kuckt no de Wéngerten. Hëllef fir d'Lies kritt een aus Polen. D'Lies wier scho gutt amgaangen: Cremant-Drauwen, Rivaner an Elbling si schonn am Keller, elo stinn nach Pinot Gris a Riesling un. Wann d'Wieder matspillt, wëll d'Famill bis Mëtt nächster Woch fäerdeg sinn.
"Fantastesche Joergang trotz Reen"
Och de Josy Gloden, de President vun der Domaines Vinsmoselle, ass matten an der Lies. Hien ënnersträicht d'Auswierkunge vum Reen:
"Bis d'Mëttegstonn hat ech scho 25 Liter Ree gemooss. D'Drauwe si komplett naass an dat ass fir d'Qualitéit net optimal. Wa mir dat Waasser an de Keller huelen, dréckt dat op d'Qualitéit."
Fir de Moment geet et drëms, d'Fënsteren tëscht de Reeschauere richteg ze notzen. Am Fokus stinn elo Pinot Gris, Gewürztraminer a Riesling. Alles Zorten, déi meeschtens a géien Häng wuessen, wou de Bulli an d'Rutschgefor d'Aarbecht schwéier maachen.
"Bis elo hu mir gesond Drauwe gelies, ouni Fäulnis. Et versprécht e ganz gudde Joergang ze ginn." Wann d'Wieder sech stabiliséiert, rechent de Vinsmoselle-President domat, datt d'Lies Enn nächster Woch ofgeschloss ass.