Haiser déi scho stinn, sinn an der Moyenne 7% méi deier ginn. Appartementer eppes iwwer 3%.

Dat allkéiers am Verglach mam 2ten Trimester 2024. Dat confirméiert de Statec um Mëttwoch an enger neier Publikatioun.

Bei Appartementer déi nach am Bau sinn, ass et e Plus vun 2,8%.

RTL

© Statec

RTL

© Statec

Trotz de steierlechen Incentiven, dréint de Marché vun de VEFA’en weiderhin net immens.

Wat d’Loyeren ugeet, sinn déi iwwerdeems iwwert e Joer gesinn méi bëlleg ginn. Bei Appartementer ëm 2,2%.