Um Mëttwoch hate mer di 100 Joer vum Ieo Ming Pei op dëser Plaz gefeiert, um Donneschdeg maache mer dat mat enger Lëtzebuergerin vun Esch.

Am Escher Servior-Heem "op der Léier" ass si mat elo 100 Joer déi eelste Pensionärin, d'Marie Faber, déi och nach Marechen genannt gëtt. Hiren héijen Alter ass hier definitiv net ofzegesinn.  Si ass nach gutt drop a ka sech och nach selwer deplacéieren.

Ee Liewe laang vill geschafft, dat hätt si jonk gehal. Zu Holtzem um Bauerenhaff grouss ginn, hat si schonn als jonkt Meedchen vill Freed um Kachen. Mat 16 Joer ass si dunn op Namur gaang, fir bei engem Kach an d'Léier ze goen a si huet do och franséisch geléiert, duerno huet si bei der bekannter Famill Neuberg aus der Stad de Stot gemaach. Bei hirem deemolege Patron huet si dunn och hire Mann kennegeléiert.

Fir der liewensfrouer Fra alles Guddes fir hiren 100. Gebuertsdag ze wënschen, huet sech och d'Familljeministesch Corinne Cahen net huele gelooss.

Den Dan Hardy huet d'Madame Marie Faber-Haas zu Esch am Altersheem besicht.

RTL