Den 31. Oktober huet d'Heidi Klum op hirer legendärer Halloween-Party zu New York erëm fir Opmierksamkeet gesuergt.

D’Supermodel a selwer ernannte "Queen of Halloween" huet sech dëst Joer als mythologescht Monster Medusa verkleet – mat gréng geschuppter Haut, Schlaangen als Hoer, spatzen Zänn an eng Zort Krokodil-Schwanz.

Hire Mann Tom Kaulitz ass als griicheschen Zaldot, deen a Steen verwandelt gouf, opgetrueden, eng Referenz un d’griichesch Mythologie, wou Medusa mat hirem Bléck Mënschen zu Steen verwandelt.

D’Heidi Klum huet gesot, si wollt "besonnesch elle" sinn. D’Verkleedung war dann och extrem opwänneg a soll iwwer 10 Stonnen gebraucht hunn. De Kostüm gouf mat engem Team vu Maskenbauer entwéckelt, dorënner den Oscar-nominéierte Mike Marino. Op Instagram huet si geschriwwen: "Happy Heidiween. Glotzt net ze laang, soss gitt dir zu Steen.“

Dëst war déi 25. Editioun vun hirer mëttlerweil jo legendärer Halloween-Party, déi zënter 2000 all Joer (ausser wärend de Covid-Joeren 2020/2021) stattfënnt. D'Heidi Klum setzt sech all Joer d’Zil, mat engem neien, kreativen an extremen Outfit z'iwwerraschen, vun E.T. bis zu engem Risen-Pohunn.