Zanter 2015 gi mat den Nikon Comedy Wildlife Awards all Joer déi lëschtegst Fotoen aus der Déierewelt geéiert. Elo goufen déi 40 Finaliste verëffentlecht.

Am Joer 2015 gouf de Concours vun de Fotografe Paul Joynson-Hicks an Tom Sullam an d'Liewe geruff an huet international séier u Beléiftheet gewonnen. Mëttlerweil zitt en all Joer Dausende vu Fotografen aus der ganzer Welt un, déi hir Fotoen areechen. Och dëst Joer nees hunn d'Organisateure 40 Fotoen zréckbehalen a se elo presentéiert.

Wéi all Joer wäerten d'Nikon Comedy Wildlife Photography Awards nees en Deel zu der Erhalung vun der Déierewelt bäidroen. Zesumme mam Whitley Fund for Nature, enger karitativer Organisatioun aus Groussbritannien, déi sech fir d'Erhale vun der Natur asetzt, ginn Ëmweltschützer aus 80 Länner finanziell ënnerstëtzt.

D'Gewënner vun den Nikon Wildlife Photography Awards 2025 wäerten den 9. Dezember bekannt gemaach ginn.