De Laurent Schley huet mam Jan Herr ee Buch iwwer Déieren erausbruecht. Den Tim Kesseler huet ee Roman verëffentlecht an den Tom Hoffmann war am Nepal.

De Laurent Schley huet zesumme mam Jan Herr e Buch erausbruecht iwwert Mamendéieren zu Lëtzebuerg. Vun der klengster Fliedermaus bis bei de groussen Hirsch ginn der hei 72 virgestallt, dorënner och där déi nei an d'Land bäi koumen.

A säin éischt Buch huet och den Tim Kesseler erausbruecht! A sengem Roman huet hien eng fiktiv Welt erschafen, wou et ënnert anerem ëm d'Grenze vun der Diplomatie, den National Interêten an Intrige geet.

Den Tom Hoffmann war als Volontaire am Nepal an huet do 5 Méint laang Kanner vu Prisonéier gehollef. Elo ass hien zréck zu Lëtzebuerg. Beandrockt och vun de Mënschen déi hien am Nepal kenne geléiert huet, an der Feststellung datt Geld definitiv net alles ass.