"Een treie Partner op der Juegd"
Wann d’Blieder sech fierwen, d’Temperaturen erofginn, dann ass dat net just een Zeechen, dass Hierscht ass an de Wanter virun der Dier steet.
Et ass och d'Zäit vun de Klappjuegden. Dëst Joer si se de 15. Oktober opgaangen. Et ass déi Zort Juegd, vun där de Grand public am meeschte matkritt. Wann de Weekends-Spadséiergank duerch de Bësch ausfält, ee Schëss duerch den Dall héiert oder um Radio gewarnt gëtt, wou ee soll lues maachen, well grad deen Dag eng Klappjuegd ass.
D’Aarbecht vum Jeeër ass awer net just op déi Saison begrenzt. D’Juegd iwwert den Usetz oder d’Pirsch ass och de Rescht vum Joer méiglech. An esou och d’Aarbecht vum Juegdhond. D’Marianne Jacobs an hiren Hond Scout sinn dat ganzt Joer iwwer am Asaz. D’Scout ass 3 Joer al an een "Däitsch Drothoer", Den Däitschen Drothoer ass eng sougenannte Virstéi-Rass. Ënnert dem "Virstoen", versteet ee wann den Hond dem Jeeër weist wou d’Wëld ass, andeems en zum Beispill abrupt stoe bleift a mat der Nues a Richtung vum Wëld weist.
Dat ass awer net dat eenzegt, wat d’Scout kann, wéi d’Marianne Jacobs erkläert: "Mir nennen déi däitsch Virstéihënn generell och ee Vollgebrauchshond, Dat heescht, mir kënne si fir immens vill Tâchen asetzen, bei him ass dat zum Beispill och ganz vill op de Klappjuegde lafen, hatt mécht och Nosichen, dann déi ganz Fächer, dass hatt apportéiere muss, wa mir op d’Juegd ginn. Dass et net just d’Wëld fënnt a mir virsteet, dat wär d’Aarbecht virum Schoss, mee och déi ganz Aarbecht nom Schoss. Dat wär dann alles, wat ech geschoss hunn, zum Beispill eng Dauf, déi iwwert ee Maisfeld flitt an ech schéisse si an déi fält do ran, déi ass schwéier ze fannen an dat ass da säi Job, do muss hatt dann seng Nues asetzen an do geet hatt mir si da sichen a bréngt si zréck."
"De Gehorsam ass de A an de O"
D’Zesummenaarbecht tëscht Hond a Meeschter muss gutt funktionéieren, fir präzis kënnen ze schaffen. An déi Prezisioun fänkt schonn am Training un. "Mir kënne just mat engem Hond schaffen, dee wierklech gutt am Gehorsam ausgebilt ass, deen eis follegt. Well joe kann den Hond ganz ouni eis, dat musse mir him net bäibréngen. D’Saach ass, mat eis zesummen ze joen, dat heescht, do muss et verschidde Reegele ginn, fir dass mir ee gutt Team ginn.", erkläert d’Marianne Jacobs.
D’Ausbildung vum Juegdhond kann e puer Joer daueren, ofhängeg dovunner, wéi eng Aufgaben ee mam Hond meeschtere wëll. D’Scout huet seng Grondausbildung, déi sougenannten Anlageprüfung, seng Eignungsprüfung an zanter Kuerzem och seng Meeschterprüfung gepackt. Dofir huet hatt knapp 3 Joer gebraucht, dat wär realistesch schätzt d’Marianne Jacobs: "Generell zwee bis dräi Joer bis do wierklech bei engem Virstéihond, d’Grondausbildung bis eben d’Meeschterprüfung dran ass, dat ass scho realistesch. Bei engem Schweesshond zum Beispill kann dat sinn, dass dat nach vill méi laang dauert, bis een do wierklech voll dran ass an op engem ganz héijen Niveau schaffe kann."
Ee Schweesshond ka Wëld, dat op der Juegd oder vun engem Auto ugestouss ginn ass, op Distanz fannen, och nach wa schonn Zäit vergaangen ass .
D’Juegdgesetz erfëllen
D’Juegdgesetz gesäit vir, dass all Déier, dat geschoss gouf oder blesséiert ass, muss nogesicht ginn. "Mir kënne jo net zouloossen, dass si Péng hunn oder, dass Fleesch verluer geet", präziséiert d’Marianne Jacobs. Et ass genee an deene Momenter, an deenen de Mënsch u seng Grenze kënnt an et nach keng Technik gëtt, déi eng Hondsnues ersetze kéint, an där d'Scout gefuerdert ass.
D’Scout kann d’Spuer vum Déier ophuelen an et esou fannen. Onofhängeg dovunner, ob déi Spuer duerch d’Feld, d’Gestrëpps oder souguer duerch d’Waasser geet. D’Marianne Jacobs ka sech op dem Hond seng Nues a säi Wëlle verloossen: "De Juegdhond bei der Juegd ass immens wichteg, ouni de Juegdhond gi mir net op d’Juegd, ouni de Juegdhond kënne mir keng propper Juegd maachen, souwuel d’Aarbecht virum Schoss net, esou wéi d’Aarbecht nom Schoss net. Dat heescht, dat ass een integrale Bestanddeel vun der ganzer Juegdausübung, eng legal Obligatioun an eben och ethesch dat wichtegst wat mir hunn. A vun do kënnt de Juegdhënn allgemeng hier, mir hunn iergendwann een treie Partner, fir op d’Juegd gebraucht an den Hond ass dat bis haut bliwwen: Een treie Partner op der Juegd."