"Limitte ginn et eigentlech net"
Seng Nues ass säin Aarbechtsmaterial: Den Otto ass drop trainéiert, Geréch vu verschiddenen Déieren- a Planzenaarten ze fannen.
"Such Bettwanze", gëtt d'Jacqueline Koerfer hirem Mupp Othello, genannt Otto, den Optrag. De Lagotto Romagnolo fänkt direkt u mat sichen. An deem klenge Raum, deen d'Jacqueline Koerfer an hirem Keller als Trainingssall ageriicht huet, ginn et vill verschidde Méiglechkeeten, an deene sech Bettwanze kéinte verstoppen.
Haut ass et just Training an d'Jacqueline Koerfer huet d'Prouwen am Viraus verstoppt, fir dass den Otto se fanne kann. Si hunn awer och ganz reell Opträg bei deenen Hond a Meeschter bei Privatleit doheem an den Asaz kommen.
"Et gi Privatpersounen, déi zum Beispill duerch d’Vakanz oder Beruffsreesen déi Krabbeldéier do matbréngen a gestach ginn an der Nuecht. Si géife gäre wëssen, ob dat wierklech Bettwanze sinn oder iergendeppes aneres. An mir ginn da mat den Hënn dohinner a sichen dat Zëmmer of an den Otto seet dann 'Hei ass eng Bettwanz’' oder 'Hei ass keng, et ass eppes aneschters'", erkläert d'Jacqueline Koerfer
Wann den Otto eppes fënnt, dann "freet" hien: Hie bleift ganz roueg stoen a weist mat der Nues an d'Richtung vum Geroch. Da weess seng Meeschtesch, dass hien eppes fonnt huet.
"Toller Otto!", léist d'Jacqueline Koerfer d'Situatioun dann op an de wuschelege Mupp verdéngt sech direkt e puer Leckerlien. D'Prouwe mat de Bettwanze si gutt verpaakt an engem duerchsiichtegen Tübe. D'Prouwe sinn dat wichtegst beim Training vun den Hënn.
"Limitte ginn et eigentlech net. Mee du muss gutt Trainingsprouwen hunn”, ënnersträich d’Jacqueline Koerfer. Et ass duerch d’Trainingsprouwe mat deenen een den Hond op een neie Geroch trainéiere kann.
Den Hond als Gerochsbibliothéik
Een Hond kann och méi wéi ee Geroch ofspäicheren, esou d’Jacqueline Koerfer: "D'Amerikaner soen een Hond ka bis zu 300 verschidde Geréch hei uewen am Kapp verschaffen a sichen. A mir bleiwe bei esou 7 bis 10 Geréch an da fannen ech, dass eis Familljenhënn ganz gutt drop sinn."
Am Frigo oder am Tifküler stockéiert d'Jacqueline Koerfer allméiglech Prouwen. Vum Wollefskot iwwert invasiv Planzenaarte bis hin zu de Bettwanzen. Et gëtt een Androck dovunner, wat een alles mat engem Mupp siche kann.
Ugefaangen huet d'Jacqueline Koerfer mat der Sich no Trüffele mat hirem éischte Lagotto Romagnolo. D'Rass gëtt dofir gezischt. Iergendwann huet si no weideren Erausfuerderunge gesicht an ass op den Aartespürhond komm. Dat ass een Hond, deen am Aarteschutz aktiv ass an Déieren- oder Planzenaarte vun der rouder Lëscht sicht, fir ee Monitoring ze erméiglechen oder invasiv Aarten oder Lästlingen opspiert.
Ee Wonsch vum Jacqueline Koerfer wär et nach eng Kéier Muschele mat an de Repertoire ze huelen. Duerch d'Waasser duerch dat d'Muppe riche missten, wär dat eng zousätzlech Erausfuerderung.
Et ass awer net just de Mënsch, dee vun der Nuesen-Arbecht profitéiert. "Et ass seng Liblingsbeschäftegung. Wann hie sicht, da gi Gléckshormoner ausgestouss", erkläert d'Jacqueline Koerfer. "Dat mécht einfach ee glécklechen Hond."
Op der Sich no Schlag-Affer
Eng aner Spezialitéit vum Otto ass et Schlag-Affer ze fannen – dat si Villercher oder Fliedermaus, déi an d'Blieder vun engem Wandrad geroden an doduerch stierwen. D'Jacqueline Koerfer krut do ugangs een Optrag vum Ministère, fir déi Kontrollen ze maachen.
Dat heescht, dass Hond a Meeschter an engem grousse Radius ronderëm d'Wandrad alles ofsichen. D'Jacqueline huet dofir och een Tracker drop, fir sécher ze goen, dass den Otto alles ofsicht. Mëttlerweil gi si souguer vum Bedreiwer vum Wandrad selwer agesat.
"D’Alternativ wär, wann de Mënsch géif hei ënnendrënner kucke goen. Mee wat den Othello natierlech mécht, dat kann de Mënsch net esou gutt. Dat heescht de Mënsch kann dat am Fong just mat den Ae maachen. Den Othello kann natierlech och richen. Dat heescht och wann een Déier do louch iwwert eng gewëssen Zäit an de Fuuss de Vull oder d'Fliedermaus gefriess hätt, da géif den Othello nach ëmmer richen, dass do eben den Aas war", seet de Guy Uhres vu Solar.
Wann ee Wandrad geplangt gëtt, gëtt am viraus scho gekuckt, wéi eng Déieren a virun allem Vullenaarten heemesch sinn. Wann zum Beispill d'Wandrad op ee Gebitt soll kommen, wou de Roude Milan, ee Gräifvull, deen op der rouder Lëscht steet, soll kommen, da gi Kompensatiounsmesure virgesinn.
Dat kann zum Beispill sinn, dass op enger anerer Plaz ee Liewensraum geschaaft gëtt, fir de Gräifvull fort ze lackelen. Et kann awer och sinn, dass d'Wandrad temporär ausgeschalt gëtt wann an de Felder niewendru gedrescht gëtt. Da flitt de Gräifvull nämlech gäre relativ déif an ass méi op d'Mais am frësch gedreschte Feld konzentréiert wéi opzepassen, wou d'Blieder vum Wandrad grad sinn.
Mëttlerweil ginn et souguer scho Wandrieder, déi mat Kameraen a KI equipéiert sinn an ëmmer da stoppen, wann ee Villche vun enger gewësser Gréisst ze no un d'Blieder kënnt.
An op all déi Mesurë wierken, kontrolléiert den Otto. Déi eigentlech gutt Noriicht ass, dass hie bal näischt fënnt. D'Jacqueline leet him dofir och ëmmer nees ee Kong enzwousch hin, fir hie motivéiert bei der Aarbecht ze halen.
Well wann den Otto erfollegräich ass an eppes fënnt, gëtt et net just grousse Luef vu senger Meeschtesch, mee och ganz vill Leckerlien.