Zanter knapp zwou Wochen huet de Grand-Duché offiziell en neie Grand-Duc a Grande-Duchesse.

D'groussherzoglech Koppel huet dëst zum Ulass geholl, nach emol ganz häerzlech Merci ze soen, dem Public an och all deene Persounen, déi sech benevole engagéiert hunn a wesentlech zum Succès vum Trounwiessel bäigedroen hunn.

Och wann d’Meteo net ëmmer matgespillt hätt, hätt dat keen dovun ofgehalen, dës besonnesch Deeg mat hinnen ze zelebréieren.

"Är Energie, Ären Enthusiasmus ass fir eis dee schéinste Souvenir vun deenen Deeg", huet d'Grande-Duchesse Stéphanie nach op Lëtzebuergesch mat op de Wee ginn, "e vereent Lëtzebuerg, ass e staarkt Lëtzebuerg".

Dat war och de Message vum Grand-Duc Guillaume, deen nach emol houfreg ënnerstrach huet, dass et Biller waren "vun engem vereente Lëtzebuerg, Biller vun onser Diversitéit, vun onser Identitéit, déi duerch d'ganz Welt gaange sinn".