Nach bis den 21. Oktober ass an der Luxexpo d'Home & Living, déi fréier Hierschtfoire.

E Samschdeg de Muere sinn d'Diere vun der 5. Editioun vun der „Home & Living Expo“ zesumme mat der Nationaler Wunnéngswoch opgaangen.

Vum 13. bis den 21. Oktober, kann een vu méindes bis freides tëscht 15 an 21 Auer oder weekends vu mueres 10 bis owes 19 laanschtgoen. Déi ronn 60 Exposante weisen ënner anerem déi neisten Trends an Innovatiounen aus de Beräicher „Smart Homes“ „Wellness a Liewensqualitéit“ an der Optik vum développement durable.

Fir Animatioun ass och déi ganz 9 Deeg iwwer gesuergt, sou gëtt zum Beispill dëst Joer d'Europameeschterschaft am Schräineren an der Luxexpo ofgehalen. Fir d'Kanner ginn et verschidde Workshoppen an Aktivitéiten.

Et kann ee sech op de Parkingen NORD a SÜD vun der Luxexpo, esou wéi deenen diverse Parkingen um Kierchbierg mam Auto parken oder op den ëffentlechen Transport zréckgräifen a mam Zuch, Bus oder Tram bis bei d'Luxexpo gefuer kommen.

Den Entréespräis fir Erwuessener läit bei 5 Euro, fir Kanner ënner 18 Joer ass se fräi.

All weider Informatioune ronderëm des Expo fann der ënner https://homeandlivingexpo.lu